De Maurice Bauer vun der CSV am Portrait
Nom 4. Ulaf bei den Nationalwalen huet den 52 Joer ale Jurist et als aachtgewielten op der CSV-Zentrumslëscht op de Krautmaart gepackt.
Zanter 1990 huet de Maurice Bauer eng CSV-Kaart. Als Student huet hie fir e Radiosender Korrespondenzen iwwer d'Europaparlament gemaach a koum esou op de Goût vun der Politik. "Ech sinn opgewuess an enger relativ politiséierter Famill an do war CSV ëmmer Nummer 1", erkläert deen neie Volleksvertrieder. De Premier Jean-Claude Juncker hätt hie markéiert, wéinst der positiver Aart a Weis wéi hien d'Land gefouert hätt.
Seng Aarbecht als Generalsekretär op der Bourse léisst de Maurice Bauer elo mol iwwer de Congé politique rouen. Dat, fir säi Schäffemandat um Knuedler a seng nei Aufgab als Deputéierten ënnert een Hutt ze kréien.
Ënner anerem am Finanzberäich wëll de gebiertege Lampertsbierger politesch contribuéieren. D'sozial Mesuren, op déi vill Mënschen am Land ugewise wieren, kéinte just duerch eng gutt funktionéierend Wirtschaft an d'Finanzplaz finanzéiert ginn. Och am Kampf géint de Klimawandel géif d'Finanzplaz eng Roll spillen.
Weider politesch Prioritéite sinn deemno Ëmwelt a Soziales. De Familljepapp ass zanter 2011 President vum Fraefoyer "Fondation Maison de la Porte Ouverte". A sengen Ae bräicht et en nationalen Aktiounsplang géint haislech Gewalt.
Um Knuedler wäert de Maurice Bauer iwwerdeems neien 1. Schäffe ginn, nodeem de Serge Wilmes jo als Minister an der neier Regierung vereedegt gouf.