Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech d'Nathalie Morgenthaler vun der CSV vir.

Bei hirer véierter Participatioun bei Chamberwale sollt et endlech fir d’Nathalie Morgenthaler klappen. Als 8. Gewielt op der CSV-Südlëscht ass si fir de Gilles Roth an d’Parlament nogeréckelt.

D’Gemeng Suessem feiert den Dag vum Bam a mat him all déi Neigebueren an der Gemeng. Déi Éischt Schäffin Nathalie Morgenthaler wëll do net feelen. Zanter 20 Joer ass si schonn am Gemengerot. An elo och nach an der Chamber.

"Ech kann et net ausstoen, wann et Ongerechtegkeete ginn. Dat ass den Haaptpunkt, firwat ech mech gär engagéieren, fir déi aus der Welt ze schafen", seet déi nei Volleksvertriederin.

Géint Ongerechtegkeeten an Diskriminéierungen huet d’Nathalie Morgenthaler déi lescht 15 Joer als Directrice vum Centre pour l’Egalite de Traitement gekämpft  - den Zenter, dee si mat opgebaut huet. Fir méi Chancëgläichheet, Inclusioun an Integratioun wëll déi 44 Joer al Fra sech an der Chamber asetzen. An d’Ëmsetzung vun der UNO-Behënnertekonventioun vu ganz no begleeden.

"Do geet et net nëmmen drëm, Leit mat enger Behënnerung ze includéieren, mee dat huet och Auswierkungen op Leit, déi net mobil sinn. Leit mat Kannerkutsche beispillsweis, wat d’Accessibilitéit, d’Barrièrefräiheet ugeet. An deem Beräich ass och d’Curatelle an Tutelle Gesetz ze iwwerschaffen, et soll e Gesetz iwwer perséinlech Assistenz kommen. Do ass genuch ze maachen.”

Am Parlament schafft d’Politikerin an de Kommissioune vu Famill, Interieur, Institutioun an Aarbecht mat.

Interêt fir d’Politik koum duerch d'Revue

Schonn als Kand vun aacht oder néng Joer huet d’Nathalie Morgenthaler ugefaangen, sech fir d’Politik ze interesséieren. Op d'mannst fir d’Männer a Fraen hannendrun. Ausgeléist gouf de Virwëtz bei enger Opféierung vun der Revue, wou de ganze Sall iwwer d’politesch Sketcher gelaacht huet.

"An ech hunn net verstane firwat, an dunn hunn ech ugefaangen, mech fir déi Leit, déi politesch Männer a Fraen ze interesséieren, Zeitungen e bëssen ze kucken an hunn dann och e bëssen d’Politik suivéiert, déi se gemaach hunn.”

Wéi dunn 1995 de Jean-Claude Juncker – wéi si zu Bieles opgewuess –  dee jéngste Premier an der Geschicht vum Land gouf, huet d’Nathalie Morgenthaler ugefaangen, sech a Richtung CSV ze orientéieren. Och wéinst de Valeure vun de Chrëschtlech-Sozialen. No der Première huet si Politikwëssenschafte studéiert.

Si géif gär am Hannergrond schaffen a vun do aus eppes bewierken, seet d’Nathalie Morgenthaler. Visibilitéit sichen, wär net esou hires. D’CSV-Deputéiert beschreift sech selwer als roueg a poséiert. Si géif gär och den "Avocat du diable" spillen, fir beispillsweis Texter op de leschten Dibbelchen ze préiwen.