Zwee Joerzéngte war d’Mandy Minella als Tennis-Profi ronderëm d’Welt ënnerwee. Elo schléit si eng politesch Karriär an.

Bei den Nationalwalen den 8ten Oktober ass déi fréier Héichleeschtungssportlerin op der DP-Südlëscht 6t Gewielt ginn a fir de Claude Meisch an d’Chamber nogeréckelt.   DP-Familljefoto virun der Vereedegung am Parlament leschten Dënschdeg. D’Mandy Minella hat sech net erwaart esou séier Deputéiert ze ginn. Freet sech iwwer d’Vertraue vun de Wieler. Hir Partei hätt hir gehollef sech op déi nei Aufgab an der Chamber virzebereeden. Hir Motivatioun fir an d’Politik ze goen?

"Ech mengen, datt mer eng Verantwortung hunn zu den nächste Generatiounen. Ech krut d’Chance, datt ech vläicht eppes Klenges ze soen hunn, datt ech ka matschwätzen, matgestalten. An ech hu mer laang iwwerluecht, ob ech soll matgoen. Ech wéilt déi Chance gär notzen a vu menger Energie mat eran an d’Politik bréngen an do mathëllefen."

Als Politikerin wëll d’Mandy Minella ënner anerem Sport a Beweegung promouvéieren, dat och mat Hëllef vun de Maisons relais. Si wëll sech ëm eng sougenannt "dual career" fir Leeschtungssportler asetzen, datt si Studien a Sport besser verbanne kënnen, a sech fir d’Famill staark maachen. D’Flexibiliséierung vum Congé de maternité a Congé parental läit der Mamm vun zwee Meedercher um Häerz. Als nei Presidentin vun der Familljekommissioun wäert si sech do kënnen abréngen.

D’Kritik, si wier just gewielt gi wéinst hirer Bekanntheet, net wéinst politesche Kompetenzen, weist d’Mandy Minella net zréck.

"Mee ech sinn och bekannt dofir well ech eppes geleescht hunn an d’Leit konnte mech säit ech Teenager sinn begleeden. Si hu meng ups and down’s gesinn, meng Valeuren zu wat ech stinn. Ech menge, datt ech do ëmmer gutt Aarbecht gewisen hunn an ech zum Deel och dowéinst gewielt gi sinn."

Disziplin, éierlech Aarbecht, Kommunikatiounsfäegkeet, Stress-Resistenz. Kompetenzen déi d’Mandy Minella als Profisportlerin opgebaut huet. Dës wëll si elo och fir hir politesch Aufgaben als Deputéiert asetzen.