Bei de Chamberwalen den 8. Oktober koum de geléierten Agraringenieur op déi fënnefte Plaz vun der CSV-Nord-Lëscht an ass fir d'Martine Hansen nogeréckelt.

Den 21. Oktober huet de Jeff Boonen an der Chamber säin Eed ofgeluecht. Bis elo huet sech säi Beruffsliewen zu engem gudden Deel um Bauerebetrib vun der Famill zu Ielwen an der Gemeng Biekerech ofgespillt. Et huet ee sech op d'Mëllechproduktioun spezialiséiert, dofir ginn 80 bis 90 Kéi gehalen. 2018 war hie schonn eng Kéier fir d'CSV bei den Nationalwalen ugetrueden, hat deemools awer de Sprong an d'Parlament verpasst. Do virdru war hie vun 2011 bis 2016 President vun de Jongbaueren. An där Funktioun hat hie sech ënnert anerem fir eng nohalteg Landwirtschaft staark gemaach.

"Also wa mer vun engem nohaltege System vu Liewensmëttelproduktioun schwätzen, vun deem mer gären hätten, datt de Konsument mathëlleft, déi Landwirtschaft bezuelen, da geet et nei iwwert Discounteren, wou et heescht, mir maachen eis et zum Prinzip, datt dir d'Liewensmëttel sou bëlleg wéi méiglech kritt."

Op Nohaltegkeet setzt den 38 Joer alen Agraringenieur och wann et ëm Energieproduktioun geet. Um eegenen Haff gëtt eng Biogasanlag bedriwwen. Biogas war an deene leschte Joren éischter Réckleefeg. Mat där neier Biogasstrategie soll sech dat awer änneren. Ma och duerch aner Mesure kéint d'Landwirtschaft hëllefen, den Ausstouss vun CO2 ze reduzéieren.

"Dann hu mer d'Potenzial vu Photovoltaik. Grouss landwirtschaftlech Gebaier, vill wou der scho vill Photovoltaik gesitt, mengen ech. Wou een awer lo ka kucken, firwat hänkt et op Plazen, firwat gi keng geluecht, läit dat un Infrastrukturen, läit dat u soss Subventiounen. Agri-PV ass een Thema, do war deen éischte Call fir Projeten, et sinn eng zéng Projeten, also 75 Hektar lo wou 50 Megawatt drop geluecht ginn. Do wëlle mer eng Analyse maachen, ass dat sou am Sënn, datt d'Fläch net ze vill gebraucht gëtt, datt op der Fläch nach produzéiert gëtt?"

De frëschgebakenen Deputéierten ass Papp vun zwee Kanner an huet nieft der Aarbecht um Betrib 20 Stonnen d'Woch an der Akerbauschoul geschafft. Dowéinst läit him och d'Thema Educatioun um Häerz. D'Schüler missten déi néideg Kompetenze fir d'Aarbechtswelt vu muer vermëttelt kréien.

"Wa mer lo vun Digitalisatioun schwätzen, artifiziell Intelligenz, ChatGPT, dann ass et natierlech wichteg, datt mer eis Kanner wierklech léieren, domadder eens ze ginn. Wierklech déi Kompetenze léieren an deenen do Beräicher, awer och an anere Beräicher. Do sinn ech absolut iwwerzeegt, datt dee kompetenzorientéierten Unterrecht, wéi en och an der Beruffsausbildung gemaach gëtt, datt dat absolut dee richtege Wee ass. Och an eisem Beruff, fir wierklech ze soen, dat do muss de kënnen, wou d'Resultat ass an net einfach auswenneg léieren."

 

An deenen nächste fënnef Joer dierft dem Jeff Boonen déi politesch Aarbecht deemno net esou séier ausgoen. An déi um Haff wuel och net.