"Biologesch Landwirtschaft gëtt weider geziilt ënnerstëtzt"

Déi nei Landwirtschaftsministesch war op Ufro vun der LSAP an der Ressort-Kommissioun, fir d'Schwéierpunkte vun der neier Regierung ze presentéieren.
"Et kéint méi proaktiv gemaach ginn, fir d'Betriber, déi sech wëllen ëmstellen." Dat war en anere Kritikpunkt, deen d'Oppositioun no der Landwirtschaftskommissioun geäussert huet.
Et wier kloer, datt een d'biologesch Landwirtschaft weider geziilt ënnerstëtze géif, sou d'Martine Hansen.
Mir setzen eis awer keng onrealistesch Ziler. D'Zil réng op Flächen fest ze maachen, ass fir eis net richteg. D'Produiten an d'Mass u Produite mussen och gekuckt ginn a wéi eng Produite mer wëllen. D'Deelëmstellung soll och méi geziilt promouvéiert ginn. Fir e grousse Betrib ass et nämlech och e Risiko, sech direkt ëm ze stellen.
Et wéilt een de Bio-Aktiounsplang weider féieren, mee en iwwerschaffen. D'Ziler vun der leschter Regierung wieren jo net areecht ginn, et wéilt een dofir zesummen mat den Acteuren um Terrain nei Ziler sëtzen an kucken wéi een am beschten viru kéim huet d'Martine Hansen nach betount.
A Punkto Biolandwirtschaft feelt et de Piraten un enger konkreter Zilsetzung. De Ben Polidori:
Mir hate virdrun d'Joer 2050, fir op 100 %-Biolandwirtschaft ze kommen. Dat ass elo net méi dran. D'Ministesch sot, et wéilt een dat elo léiwer a Form vun enger Begleedung maachen. An da soll dat besser a méi séier ëmgesat ginn. Mee et gouf awer keen Datum an kee Prozentsaz fir d'Zilsetzung genannt.
De President vun der Landwirtschaftskommissioun an CSV-Deputéierte Jeff Boonen huet erkläert, datt ee sécher wéilt stellen, datt déi Betriber, déi op Bio ëmklammen, och Sue verdéngen mat de Produiten, déi se verkafen:
Dofir wëlle mer net einfach eng Incitatiounspolitik mat Subsidë maachen, fir iergendeen Prozentsaz ze erreechen an dono hu mer d'Betriber komplett ofhängeg gemaach vun ëffentleche Suen.
D'Deputéiert vun déi Gréng, Joëlle Welfring, bedauert, datt an der Biolandwirtschaft eréischt no engem Joer Analysen e Konzept soll erstallt ginn:
Ech mengen et kann een sech elo schonn u Länner inspiréieren wou scho méi proaktiv geschafft gëtt. Et ginn konkret onofhängeg Agencen déi dat méi dynamesch uginn fir Betriber ze beroden déi sech wëllen ëmstellen.
D'LSAP Deputéiert a fréier Ministesch Paulette Lenert bedauert, datt de Konsumenteschutz als Attributioun net méi an der neier Regierung ginn ass, begréisst op där anerer Säit awer, datt de neie Landwirtschaftsministère sech och ëm d'Alimentatioun wäert këmmeren:
Eng Politique alimentaire ass wichteg och fir d'Zukunft vun eisem Land. Mee de Konsumenteschutz hätt en anere Stellewäert verdéngt. Ech hoffen, datt an der Praxis do nach an den nächste Joren aner Initiative wäerte kommen.
Der Ministesch Martine Hansen no géif awer natierlech um Konsumenteschutz geschafft ginn. Ënnert anerem d'Gesetz vun de Sammelkloe soll am Januar Sujet an der Kommissioun sinn.