Fragille Wuesstem
Fir d'Chambre de Commerce gëtt 2024 ee wichtegt Joer
D'Betriber zielen op d'Politik, well vill Secteuren dach awer éischter pessimistesch an d'Zukunft kucken, besonnesch am Bau oder nach der Industrie.
Mat 1,4% vum PIB wäert et ee fragille Wuesstem ginn, dee vun der neier Regierung politesch misst begleet ginn. Ënnert de Prioritéite wéi Steieren, Aarbechtsorganisatioun, energeetesch Transitioun oder nach Logement sinn och gesond Staatsfinanzen. An do wier d'nächst Joer d'Diskussioun iwwert d'Pensiounsreform ganz uewen op der Lëscht. Am Koalitiounsaccord gesäit d'Chambre de Commerce gutt Usätz. Déi missten elo awer och séier an d'Realitéit ëmgesat ginn.
Am meeschte gelies