Viru genee 2 MéintZwou Persoune stierwen op engem Feldwee

RTL Lëtzebuerg
E Mann sëtzt an Untersuchungshaft, well e virgeworf kritt, seng Adoptivelteren ëmbruecht ze hunn.
© Domingos Oliveira

Et war e Sonndeg den 22. Oktober 2023 géint 17.30 Auer, wéi d’Police en Tëschefall op engem Feldwee zu Groussbus gemellt krut. E Mann soll hei zwou Persoune mat engem Auto iwwerrannt hunn. RTL-Informatiounen no handelt et sech beim presuméierten Täter ëm den adoptéierte Fils vun den zwee Foussgänger.

Eent vun den Affer ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen, déi aner Persoun ass kuerz drop am Spidol verscheet.

Op Nofro confirméiert de Parquet, dass nach ëmmer eng Persoun an Untersuchungshaft sëtzt an den Ament d’Enquête géif lafen.

D’Reprochen, déi géint den 33 Joer ale Mann am Raum stinn, si Mord, respektiv Doutschlag.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO