Trotz Areesverbuet
Mann steet mat Machete an der Hand op der Place de la Gare
En Dënschdeg den Owend stoung e Mann mat enger Machete an der Hand an der Stad am Garer Quartier.
D'Beamte sinn op d'Plaz komm an hunn de Mann kontrolléiert. Dobäi huet ee festgestallt, datt de Mann illegal am Grand-Duché ënnerwee war, well et géint hien en Areesverbuet gëtt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl.
Am meeschte gelies