SAMU war am Asaz
Ee Blesséierte bei Accident e Samschdeg um Ban de Gasperich
E Samschdeg kuerz no 18 Auer koum et um Ban de Gasperich zu engem Accident mat engem Auto. Eng Persoun gouf verwonnt.
Op der Plaz waren nieft dem Stater SAMU och d'Stater Pompjeeën an Ambulanz.
Kuerz virun 8 Auer huet et tëscht Bierden a Buerschent gerabbelt. Och hei war den Informatioune vum CGDIS no just een Auto dra verwéckelt an eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Buerschent waren op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz aus der Nordstad.
Géint 23.35 Auer sinn op der Areler Strooss zu Stroossen en Auto an e Bus net laanschtenee komm. Ee Blesséierten huet musse behandelt ginn. D'Pompjeeë vu Mamer an eng Ambulanz vu Réimech waren am Asaz.
Am meeschte gelies