Police
Festnam no Abroch zu Eschduerf
© Police
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf een Abroch an en Haus an "An der Gaass" zu Eschduerf gemellt.
Éischten Informatiounen no sinn déi presuméiert Täter mat engem Zweetschlëssel an d'Gebai erakomm an hunn e Safe geklaut. D'Police huet direkt eng Enquête lancéiert a konnt dann och déi zwee presuméiert Täter mam geklaute Safe stellen. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee festgeholl. Si koumen e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies