Verdächtege no Bedruch festgeholl an a puer Permisen agezunn

© RTL Archivbild
Wéi d'Police matgedeelt huet, koum et den 29. Dezember zu engem Fall vu Bedruch zu Sandweiler. Do hu falsch Luxtrust-Mataarbechter hiert Onwiese gedriwwen.
D'Affer war vun de presuméierte Luxtrust-Mataarbechter kontaktéiert ginn a krut gesot, et géif e Problem mat de Kreditkaarte ginn. Et géif eng Persoun laanschtkommen an d'Kaarte recuperéieren. Ma eng Patrull huet déi zwee Verdächteg opgegraff a bei der Perquisitioun vun hirem Auto e puer Bankkaarte souwéi Boergeld séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufe béid Verdächteg festgeholl.
An deem Zesummenhang gëtt nach emol drun erënnert, dass seriö Verwaltungen an aner Organisatiounen een nimools opfuerderen, hir perséinlech Donnéeë per Telefon weiderzeginn oder frieme Leit matzeginn.
Hei e puer Linke vun der Police:
- Warnung vor Betrugsmasche durch falsche Bankangestellte
- Weitere Ratschläge um sich vor Betrug zu schützen
Da mellt d'Police och nach, dass op e puer Plazen Automobilisten alkoholiséiert gefuer sinn.
Ee Chauffer stoung zum Beispill matten op der Fuerbunn zu Gaasperech an der Rue Verte a wier net uspriechbar. Dat krut d'Police op alle Fall sou gemellt. D'Rettungsekipp gouf alarméiert an huet missen eng Fënster aschloen, fir dem Mann kënnen ze hëllefen. Wéi d'Police dunn nach op d'Plaz dobäikoum, war de Chauffer nees uspriechbar. Hien huet zouginn, wuel ageschlof ze sinn. En Alkoholtest war positiv an hie krut e provisorescht Fuerverbuet.
Méi spéit, géint 00.15 Auer, koum et op der Escher A4 op der Héicht vun der Sortie Leideleng zu engem Accident tëscht puer Gefierer. Bei engem Automobilist war den Otemtest positiv an de Fürerschäi fort. Zwou Persoune koume fir eng Kontroll an d'Spidol.
Géint 01.40 Auer gouf dann nach een Auto zu Esch gemellt, deen de falsche Wee duerch de Sens unique ënnerwee wier an do e Blummekiwwel ze pake krut. Eng Patrull huet de Chauffer vum Won an eng weider Persoun, déi nieft dem Auto stoung, spéider ugetraff an en Alkoholtest duerchgefouert. Den Test beim Automobilist huet ugeschloen an de Permis gouf agezunn. Déi aner Persoun ass iwwerdeems ëmmer méi aggressiv géintiwwer de Beamte ginn an huet um Enn missen an de Passagearrest.