Wéinst Amok-Menace
Et gouf e gréissere Policeasaz op der Stater Gare
En Dënschdeg am Nomëtteg gouf d'Police op en Asaz op der Stater Gare geruff.
Wéi d'Police en Dënschdeg den Owend matdeelt, hätt sech géint 15.30 Auer eng Persoun per Telefon bei der Police gemellt a mat engem Amoklaf op der Stater Gare gedreet.
Doropshi wier eng grouss Zuel vun Patrullen op d'Plaz gefuer an d'Beamten hätten d'Situatioun kontrolléiert. Et wier allerdéngs näischt Exzeptionelles festgestallt ginn.
Géint 17.30 war den Asaz eriwwer. Et gouf eng Enquête géint den Uruffer an d'Weeër geluecht.
Kuerzzäiteg goufen et och Perturbatiounen am Zuchverkéier. Kuerz no 17 Auer sinn d'Zich awer nees normal gerullt.
©
Domingos Oliveira / RTL
©
Domingos Oliveira / RTL
©
Domingos Oliveira / RTL
©
Domingos Oliveira / RTL
©
Domingos Oliveira / RTL
©
Domingos Oliveira / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies