Mat de Mesuren, déi d'Cellule de crise en vue vun der Alerte Rouge decidéiert huet, hunn och d'Maison-relaise sech misse séier anescht organiséieren.

Mir hunn e Mëttwoch de Moie mam Gestionnaire vun de Maison-relaisen zu Esch, dem Laurent Zimmer, geschwat. An de 17 Haiser ginn, op normalen Deeg, bis zu 1.600 Kanner betreit.

Nodeems d'Annonce en Dënschdeg komm ass, datt d'Schoulen zoubleiwen, waren déi Responsabel vun de Maison-relaisen an enkem Kontakt, fir trotz Schnéichaos e Mëttwoch no der Schoul en Accueil fir d'Kanner kënnen z'organiséieren. Vue datt eng Partie Kanner schonn en Dënschdeg vun hiren Elteren ofgemellt goufen, huet een decidéiert, d'Kanner aus de verschiddene Maison-relaisen ze regroupéieren.

De Laurent Zimmer confirméiert iwwerdeem, datt d'Organisatioun e Mëttwoch gutt geklappt huet an all d'Haiser, déi op sollte goen, och opgaange sinn. Och d'Kommunikatioun mat den Eltere wier gutt ofgelaf, och wann e puer Elteren en Dënschdeg schonn e bëssen a Panik waren.

Laurent Zimmer zu Situatioun vu Maison-relaisen / Reportage Pierre Weimerskirch

Eng Erausfuerderung fir d'Maison-relaisen zu Esch ass et allerdéngs, d'Iessen op d'Plaz ze kréien. Zwar wieren d'Kichen op an et géing och gekacht ginn, ma ob d'Iessen ausgeliwwert géing ginn, misst een en fonction vun de Konditiounen op de Stroosse kucken. Plang B wier op alle Fall, datt d'Haiser selwer mat de Kanner kachen. Fir e Mëttwoch de Mëtteg plangen d'Maison-relaisen Aktivitéite mat deene puer Kanner, déi do sinn.

Och aner Liwwerservicer wéi zum Beispill Repas-sur-Roues mellen, datt zwar ausgeliwwert géing ginn, ma awer mat Retarden ze rechne wier.