11 Kanner vu ronn 350 sinn an d'Schoul komm

© Pierre Weimerskirch / RTL
Vun am Ganze gutt 350 bis 360 Kanner waren der zu Esch an der Bruch-Schoul e Mëttwoch de Moie just 11 present.
Wéi d'Presidentin vum Comité an där Schoul, d'Caroline Widong, eis am Interview erzielt huet, wieren am Haaptgebai um Bruch siwe Kanner e Mëttwoch de Moien do gewiescht, an der Annexe um Mâcon waren et der véier. Op engem normalen Dag sinn do bis zu 360 Kanner.
D'Presidentin ass erstaunt, dass esou vill Eltere sech ëmorganiséiert kruten, e puer Kanner sinn nach vun der Maison relais eriwwerkomm. Ma och an der Schoul krut ee sech séier organiséiert, do huet een d'Pandemie nach am Hannerkapp an et huet ee flexibelt Personal konnten asetzen.
Mat de Kanner, wou d'Eltere sech net konnte fräi huelen oder en Teletravail maachen, gi kleng Aktivitéite gemaach a si dierfen de Schouldag mat spille verbréngen.
Bei zwee vun de Kanner nogefrot, huet de Raphael gesot, dass hie frou ass, dass hien haut wuel net vill Hausaufgabe kritt. Traureg ass hie just, well seng Kolleegen net do sinn. Ganz sou einfach war et net fir an d'Schoul ze kommen. Et wier nawell glat gewiescht a säi Papp wier och bal gefall um Trëttoir.
Bei enger Schoulkomerodin nogefrot, sot dës eis, et wier dann awer e bëssen Duerchernee gewiescht e Mëttwoch de Moie wéi et bei der Schoul ukomm ass. Et wier net ganz kloer gesot ginn, wou déi betraffe Kanner da lo genee hi sollen. Do virdru war hatt a säi Papp e puer Mol gutt gefall um Wee dohin. Géint spillen a molen ouni ze léieren, huet och hatt näischt. "Dat ass mäi beschten Dag an der Schoul, dat ass scho cool."