Um 4 Auer e Mëttwoch de Moien huet de Streedéngscht vun der Gemeng ugefaangen erauszefueren.

Mat engem Trakter, engem grousse Camion an engem méi klenge Gefier, e sougenannte "Ladog".

Zanter der Nuecht si si am Asaz, fir d'Stroosse fräi ze halen. D'Anne Wolff war e Mëttwoch de Moie fréi fir RTL an der Gemeng Hesper mam Streedéngscht ënnerwee.

Niewent der reegelrechter Aventure bei sou engem Tour um Streewon, bei deem et virun allem bei méi géie Koppen och emol méi schwiereg gëtt, war et och d'Geleeënheet am Haff vum Atelier vun der Gemeng Hesper zu Fenteng, wou d'Camionen mat Streesalz opgefëllt ginn, mam Franck Siebenbour, dem Responsabele vun der Regie vun der Gemeng ze schwätzen. Wéi bereet ee sech op e sou e speziellen Dag vir?

"Jo, also haut ass et e bëssen en extraen Dag. Mir hunn eng Alerte Rouge am spéiden Nomëtteg kritt. Deementspriechend hu mer natierlech ee Poste de commandement aberuff, dee bei eis bei de Pompjeeën opgebaut gëtt. Deementspriechend och déi verschidden Installatioune gi gemaach. Et gëtt eng Hotline opgeschalt. Et ginn E-mailen erageholl. Eis Receptioun weess Bescheed. An en plus ass awer dann déi ganz Geschicht: d'Maschinnen, déi ginn eng Kéier duerchgekuckt den Dag virdrun. Moies kënnt eng Persoun eran, déi d'Strooss nach eng Kéier kontrolléiert a rifft deementspriechend all déi aner Servicer op. Dat heescht et ginn iwwer ee System um Handy eis Portieren geruff, datt déi och kommen. An da kommen am Fong geholl 3 bis 4 Maschinnen, déi sinn dann ëmmer prett an da fueren déi eraus am Fong, um Stroosse maachen."
Chauffer ass op dësem Mëttwoch den Dan Thommes. Zanter 5 Joer fiert hien elo schonn um Streewon. Wéi vill Salz op d'Stroosse kënnt, dat wier Erfarungssaach, erzielt hien. Haut ass duerch d‘Alerte Rouge den Ausnamezoustand ugesot, dofir gëtt méi gestreet, 20 bis 30 Gramm de Meter Carré. D‘Streedéngschter sinn e Mëttwoch d'office de ganze Moien an der Gemeng am Asaz. Si fueren alles bis op d‘national Stroossen of, déi falen ënnert d‘Responsabilitéit vun de Pont-et-Chaussée.

Gestreet gëtt eng Mëschung aus Salz a Salz-Lauge, sou dass d'Salz besser op der Strooss pecht. Am Prinzip ass d‘Strooss dann eng bis zwou Stonne fräi, erzielt den Dan Thommes.

RTL

© Anne Wolff

Wéini gëtt gestreet?

Am Wanter fiert hie fréi moies als éischt mam Auto e puer Plazen an der Gemeng un, wou e weess, dass et glat ass. Wann dat de Fall ass, gëtt de Streedéngscht zesumme geruff, soss net. Hien ass fir déi géi Penten zoustänneg, wou de grousse Camion net eropkënnt. „Prioritéit hunn déi Stroossen, wou och Busser fueren. Wann elo bei der Pont-et-Chaussée eppes dertëscht kënnt bei de Routes nationales, da fuere mir awer och déi of, et ass elo net esou, dass mir da soen 'Nee, dat maache mir net'“.

Op sengem Tuer ass och Geschécklechkeet gefrot, an enger besonnesch enker Gaass muss hien d‘Gefier hannerzeg erop manövréieren. Natierlech kéim et scho Mol vir, dass e Streewon e Spigel geréit, ma dofir géif et an der Gemeng en eenzele Service. Generell géinge seng Touren awer ouni Problemer oflafen. Dat eenzegt wat den Dan Thommes heiansdo stéiert, si presséiert Autoschaufferen, déi dann nach séier de Streewon iwwerhuelen obwuel et glat ass.

E Mëttwoch huet hien eleng op engem Tuer eng 1,5 Tonne Salz verstreet. Dofir heescht et zeréck an den Atelier an opfëllen.

Bis zu 15 Tonne Salz gebraucht

Do läit och de Büro vum Franck Siebenbour , wou d'Fiedem zesummelafen. Hie kann op enger Kaart kucken, wou déi eenzel Gefierer dru sinn a se iwwer Funk koordinéieren. Ausserdeem kann een esou noweisen, wou wéini gestreet gouf. Op engem Dag wéi e Mëttwoch huet de Responsabele vum Service Regie och Kontakt mat engem Poste de commandement bei de Pompjeeën. Do gëtt et dann och eng Hotline, an d'Leit kënnen E-mailen eraschécke falls anzwousch eng Urgence ass.

Alles an allem verbrauchen déi 3 Gefierer haut wuel bis zu 15 Tonne Streesalz, schätzt de Franck Siebenbour. An enger Saison fale bis zu 150 Tonne Salz un, 400 sinn der op Stock. Nieft de Gefierer sinn och nach Aarbechter zu Fouss ënnerwee, fir d‘Trottoire fräizehalen. Dat soll zwar u sech de Privatmann maachen, mee déi wéinegst këmmere sech dorëm. Fir den Dan Thommes ass d'Schicht e Mëttwoch de Mëtteg eriwwer, da gëtt hien ofgeléist. Esou kann de Service bis an d'Nuecht era garantéiert ginn.