E Mëttwoch de Moien huet et op e puer Plaze gerabbelt.

Um 6.24 Auer krute sech op der A13 tëscht Keel a Schëffleng zwee Autoen ze paken, eng Persoun gouf verwonnt. Hei waren d'Rettungsekippe vun Diddeleng a Keel op der Plaz.

Zu Esch an der Schëfflenger Strooss ware knapp 15 Minutte méi spéit direkt zwee Accidenter bannent kuerzer Zäit. Hei sinn zwou Persoune verwonnt ginn. D'Pompjeeën an de Rettungsdéngscht vun Esch goufe geruff, souwéi dee vun Diddeleng. Wéi d'Police mellt, hate sech hei fir d'éischt zwee Autoen ze pake kritt. Wärend den Opraumaarbechte vum éischten Accident wier et da wéinst de schlechte Stroosseverhältnisser zu engem weideren Accident komm. Dës Kéier waren e Bus an en Auto aneneegerannt.

Iwwerdeems mellt d'Police e weideren Accident, zu deem et zu Diddeleng komm ass. Hei war en Automobilist un d'Rutsche komm a krut dobäi e geparkte Gefier ze paken. Et blouf beim Materialschued.

Mir bleiwen am Süde vum Land, wou et e Mëttwoch de Moien nawell fatzeg glat war. Zu Biergem ass géint 7.30 Auer en Automobilist mat sengem Won an der Rue Basse an ee Potto gerannt. Et blouf beim Materialschued.