D'Urgence vum CHEM war gutt gefëllt

Obwuel schonn en Dënschdeg gewarnt gouf, dass et op eise Stroossen an Trottoiren e Mëttwoch de Moie wäert glat sinn, sinn eng Partie Leit gerutscht.
Nieft enger Partie Accidenter op eise Stroossen, wou d'Passagéier an d'Klinick bruecht goufen, hu Passanten de Wee an d'Urgence op Esch an de CHEM fonnt, well si ausgerutscht a gefall sinn. All déi Leit komme bei den normalen Trafic vun der Policlinique dobäi. Dëst bréngt mat sech, dass d'Urgencë gutt gefëllt sinn.
Tatsächlech hätt ee méi Ulaf wéi soss, erzielt och de Julien Carpentieri, Chef adjoint vum Service Urgence a Policlinique vum CHEM. Et wier een e bësse knapp mat de Raim, mee den Ament géif een d'Situatioun gutt geréieren.
Et gouf jo opgeruff, wa méiglech, am Teletravail ze schaffen an doheem ze bleiwen.
Homeoffice fir Gesondheetspersonal? Dat ass natierlech net méiglech. D'Personal huet awer antizipéiert an ass um Mëttwoch de Moien einfach méi fréi doheem fortgefuer, esou dass d'Urgence vum CHEM och e Mëttwoch normal besat ass.
Paul Schroeder: 77 Leit goufe bis de Mëtteg an d'Klinik ageliwwert
De Generaldirekter vum CGDIS hat e Mëttwoch am Mëttesjournal de Point vun der Situatioun gemaach. 77 Leit goufen deemno bis e Mëttwochmëtteg an e Spidol ageliwwert. Bis ewell wier de CGDIS dann och schonn 160 Asätz gefuer. Normal sinn 200 bis 250 Asätz wärend engem ganzen Dag.
Aktuell sinn da 50 Ambulanze vum CGDIS am Asaz. Normal sinn der 30.
Bis 14 Auer e Mëttwoch géing een an der Cellule de crise dovunner ausgoen, dass nach Glëtz fält, deen dono soll an normale Reen an owes a Schnéi kéint iwwergoen. Wéi laang et nach dobausse wäert glat sinn, géing vun den Temperaturen ofhänken.