Urgencen-Accueil an der Hesper Schoul

© Anne Wolff
Wéinst der Alerte Rouge ass jo um Mëttwoch den Unterrecht an de Schoulen ausgefall.
Allerdéngs gëtt e sougenannten Accueil d'urgence ugebueden, soudass d'Kanner trotzdeem surveilléiert sinn.
Dobäi léise sech d'Maison-relaisen an d'Enseignantë bei der Betreiung of. D'Anne Wolff war an der Primärschoul zu Hesper an huet nogefrot, wéi den Accueil vun de Kanner organiséiert gouf.
Och d'Enseignante Michelle Krippel huet d'Surveillance am C1 iwwerholl, nieft 5 anere Membere vum Personal, déi alleguerte een adequaten Accueil fir d'Kanner garantéiert hunn.
D'Michelle Krippel wunnt am Duerf an ass zu Fouss heihinner komm, ma um Mëttwoch de Moie war si déi eenzeg Enseignante op der Plaz. Um eppes no 8 sinn eng 12 Kanner ukomm.

Nodeems um Dënschdeg d'Alerte Rouge eraus war, wier den Dimmi, de Messengerdéngscht tëscht Elteren a Léierpersonal zesummegebrach. Schlussendlech hätt een awer déi meeschten Elteren iwwer aner Kommunikatiounsweeër erreecht, soudass een elo wéisst wéi eng Kanner géife kommen.
D'Enseignanten iwwerhuelen d'Surveillance an den normale Schoulstonnen, all Kanner kënnen dohinner kommen. Virdrun an duerno iwwerhëlt d'Maison relais. D'Caroline Hess ass hei Chargée de direction: "Et ass schonn en extraen Dag, well einfach vill manner Kanner do sinn. Dat heescht d'Kanner gi warscheinlech an ee Grupp gesat, wou se dann an deenen ënnerschiddleche Säll kënne spillen an iessen. Da kucke mir, wat si wëlle maachen."
Normalerweis ginn hei eng 140 Kanner betreit. Fir e Mëttwoch de Mëtteg sinn et der 35. Honger leide muss trotz Chaos op de Stroosse keen: "D'Iesse gëtt hei produzéiert, de Kach ass och do, mir kréien och Iessen!", laacht d'Caroline Hess.
