De Regionaldirekter vun den Déifferdenger Schoule weist sech am RTL-Interview zefridden iwwert den Oflaf.

50 Enseignante waren um Mëttwoch prett, fir d'Kanner z'empfänken, déi zum Deel dunn nees konnten heemgoen. Wéi eng Enseignanten den Acceuil assuréiere mussen, ass an engem Plan intempérie festgehalen, erkläert de Marc Bodson.

"D'Schoul erstellt déi Pläng, do gëtt et e Roulement vun de Wochendeeg. Dat heescht jee nodeem, wat fir e Wochendag déi Intemperie fält, mussen déi Enseignanten eeben da sech fir d'éischt op de Wee maachen. An der Reegel sinn dat wierklech déi, déi am nooste bei der Schoul wunnen."

Wéi d'Decisioun vum Ministère koum d'Schoulen zou ze halen, goung et also haaptsächlech drëms, jiddereen z'informéieren. D'Enseignanten hunn d'Eltere kontaktéiert a gekuckt wéi vill Kanner an den Accueil kommen an d'Regionaldirektioun huet sech mat de Schoulen an de Gemengenautoritéite koordinéiert.

"Mir hunn eis Kommunikatiounskanäl aus der Pandemie stoen, mir hunn déi aktivéiert an déi Kommunikatioun ass super gelaf. D'Presidentinnen aus der Regionaldirektioun Déifferdeng woussten, ganz zäitno, nodeem aus dem Ministère de Message koum, datt d'Kanner eng Dispens hunn. Souwuel am Fondamental wéi eeben och am Secondaire."

Och vum Dag haut zitt de Regionaldirekter e positive Bilan.

"Wat haut ganz flott war an der Schoul, dat ass déi Zesummenaarbecht tëscht der Schoul an der Maison relais. Déi Enseignanten, déi do bliwwen sinn, fir d'Kanner ze encadréieren, déi krute vun der Maison relais zum Beispill proposéiert, ob se wéilten do iessen, matiessen. Ech fannen dat e ganz flott Signal, och wat déi Kooperatioun mat der Maison relais huet."

Just am Schnéi spille konnten d'Kanner haut um schoulfräien Dag net, well kee gefall ass, dat hätte seng eege Kanner zum Beispill schued fonnt, sou de Marc Bodson.