De Jean Asselborn geet net mat an d'Europawalen
De laangjärege Lëtzebuerger Ausseminister hat no de Chamberwale jo opstoe gelooss, ob hie bei den Europawalen untriede géing.
Elo ass eng Decisioun gefall. De Jean Asselborn wäert net mat an d'Wale fir dat europäescht Parlament goen.
Wéi hien an engem Post op Facebook matdeelt, hätt hien d'Parteiféierung doriwwer informéiert, dass hien net iwwerzeegt wier, nach am Stand ze sinn, déi néideg Motivatioun an Energie opzebréngen.
"De Mënsch ass keen Dauerbrenner. Ech hu gemierkt, datt ech net méi d'Energie an d'Motivatioun hunn, nach eng Kéier als Kandidat unzetrieden. No 40 Joer Karriär", sou de Jean Asselborn am RTL-Interview.
Hie wier awer prett, ze hëllefen, fir datt d'LSAP bei de Wale gutt géing ofschneiden. Dernieft wier hien och nach op ville Plazen engagéiert, fir sech fir d'EU staark ze maachen, géint Populismus a Parteien, déi Europa wéilten zerstéieren. Dat am Interessi vun den nächste Generatiounen.