Wéi hunn d'Schüler de Schoulwee en Donneschdeg erlieft?
Nom Glëtz koum en Donneschdeg de Moien de Schnéi. Mir hunn d'Schüler, déi de Wee an d'Schoul gepackt hunn, gefrot, wat si vun deem ville Schnéi halen.
Nodeems e Mëttwoch d'Schoule wéinst der Alerte Rouge zou waren, hunn d'Schüler en Donneschdeg trotz Schnéichaos an d'Schoul misse goen. Och wann d'Schüler en Donneschdeg de Moie méi Zäit um Wee an d'Schoul hu misste mat arechnen, hate vill Jonker et bei d'Lycéeën um Lampertsbierg gepackt.
Allgemeng fannen d'Schüler de Schnéi schéin, virun allem well et net esou dacks zu Lëtzebuerg schneit. Ma et wier hinnen awer léiwer, wann et géing schneien, wa si net an d'Schoul mussen. Och wann d'Schoule mam Retard vun de Schüler rechnen, ass et och fir si net flott, esou laang mam Bus am Stau ze stoen, respektiv op de Bus ze waarden, deen en Donneschdeg "vill méi Verspéidung" hat ewéi soss.