Iwwer 60 Accidenter krut d'Police bannent 12 Stonne gemellt

© Police
D'Police gouf op e sëllegen Asätz geruff, well Autoe wéinst Accidenter a blockéierte Stroossen net méi virukomm sinn.
An deene meeschte Fäll blouf et beim Materialschued. An deem engen oder anere Fall goufen och Persoune liicht verwonnt, déi da fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht goufen.
Nieft den Accidenter goufen et awer och bal 70 Fäll, an deene Gefierer op de verschneite Stroosse net virukoumen, respektiv wou Stroosse blockéiert waren.
Vill lass an der Asazzentral vun der Police
Zënter en Donneschdeg Hallefnuecht an en Donneschdeg am spéide Moie war den 113 scho méi wéi 60 Mol geruff ginn, well Gefierer gerutscht waren, Bussen a Camionen de Bierg net eropkoumen oder de Chaos op de Stroossen einfach huet misse gereegelt ginn.
Dat huet och fir d'Zentral, wou d'Uriff all landen, geheescht: Vill lass a sou munches ze dinn. E méi groussen Dispositiv hätt d'Police fir en Donneschdeg net organiséiert, well MeteoLux nëmmen eng Alerte Orange erausginn hätt.
D'Police huet och e klore Message, wéi ee sech an esou wanterleche Konditiounen op der Strooss verhale soll. "Och wa 70 erlaabt ass, heescht dat net, dass ee 70 fuere muss", sou den Thierry Fehr, Directeur des opérations vun der Police. Et soll een esou fueren, wéi d'Stroossen an d'Wiederkonditiounen et erlaben. Dës Weidere wiere Wanterpneue mat engem gudde Profil wichteg. Wien an den aktuelle Konditioune keng Wanterpneuen drop hätt an der Police opfält, muss mat engem Protokoll rechnen.
Weider Accidenter um Donneschdeg
Géint 16.41 Auer gouf an der Stad an der Rue de la Deportation eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Dës gouf blesséiert, sou de CGDIS.
Op der N5 tëscht Dippech a Bartreng war géint 15.15 Auer een Auto an e Bam gerannt. Hei ass keng Persoun zu Schued komm. Dat war och de Fall um CR331 tëscht Wëlwerwolz an Alschent. Hei war ee Gefier an de Gruef geroden.
Zwee Blesséierter gouf et géint 14.15 Auer um CR102 tëscht Schëndels a Keespelt. Hei war et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm.
Da gouf et nach en Accident um CR181 tëscht dem Briddel an dem Fräiheetsbam. Accidenter goufen et och um R109, bei der Rue de Koerich, op der N11/Route d'Echternach tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff an um CR123 tëscht Miersch a Gousseldeng.
Een Accident mat zwee Blesséierte gouf et um CR126 tëscht dem Stafelter an dem Waldhaff. En Auto war hei géint 11.15 Auer an e Bam gerannt. Eng Spuer war blockéiert.

© Domingos Oliveira / RTL
Weider Accidenter, déi de CGDIS gemellt huet. Um 5.30 Auer war en Auto tëscht Miersch an dem Tunnel Miersch op der A7 an d'Leitplank gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D'Ambulanz vu Lëntgen an d'Pompjeeë vu Miersch a Colmer-Bierg waren op der Plaz.
Géint 6.20 Auer hate sech dann zwee Autoen an der Rue d'Osweiler zu Iechternach ze pake kritt. Hei goufen et zwee Blesséierter. D'Ambulanze vu Mäertert an Iechternacherbréck an d'Pompjeeë vun Iechternach waren am Asaz.
Eng Véierel Stonn drop gouf eng Persoun blesséiert, wéi zu Conter en Auto an de Gruef gefuer ass. D'Ambulanz aus der Stad an d'Pompjeeë vu Mutfert waren op der Plaz.
Géint 7.40 Auer waren zu Ierpeldeng zwee Autoen aneneegerannt. D'Ambulanz vu Wolz war hei op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Kuerz drop war en Auto um CR181 tëscht Stroossen an dem Briddel am Gruef gelant. D'Ambulanz vu Mamer huet sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Da mellt de CGDIS nach zwee weider Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten. Dat um 8.20 Auer zu Beyeren an um 9.15 Auer tëscht Rippweiler an Näerden. Hei gouf et jeeweils ee Blesséierten.