Commerce a Restauranten haten deels zolidd Aboussen
Fir e Mëttwoch hat d'Cellule de crise eng Alerte Rouge erausginn an d'Leit dozou opgeruff, fir doheem ze bleiwen. Dorunner hu sech vill Leit gehalen.
Well Camione vu méi 7,5 Tonnen net hunn dierfen iwwer d’Grenze fueren, konnt e Grossiste vu Leideleng e Mëttwoch 20% vu sengem Ëmsaz net ausliwweren. Wueren am Wäert vun 200.000 - 300.000 Euro, se wären en Donneschdeg zwar zum Deel erausgaangen, mee et géif ee Perte maachen, seet den Associé-Gérant Georges Eischen. Et wär fir d’éischte Kéier an der 55 Joer laanger Geschicht vum Betrib, datt Clienten net beliwwert gi wieren, bedauert hien.
"Fir eis ass dat onverständlech, well d’Stroosse waren totalement praticable. Mir hunn d’ganzt Land beliwwert ouni eng Schréips ze maachen, ouni iergend e Problem. (...) Et deet mir wierklech leed, mee eis Clientë verléieren d’Vertrauen an eis, wa mir net méi kënne liwweren."
Perte huet och eng Librairie an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Nodeem moies kee Client komm wier, hätt ee mëttes zougemaach, esou d’Ava Najafi. An hiren Aen wär et zwar ubruecht gewiescht, eng Alerte erausschécken.
"Mee ech fannen, dat wat si fir gëschter [U.v.d.R Mëttwoch] gemaach hunn, hätte si éischter fir haut [U.v.d.R Donneschdeg] solle maachen. Well haut hat jidderee vill méi Misär, fir op d’Aarbecht ze kommen. Ech selwer och, mee haut wäerten nach manner Leit komme wéi gëschter."
Léiwer eng Alerte ze vill, wéi eng ze wéineg, fënnt iwwerdeems de Christophe Wagner, Wiert aus der Uewerstad. "Am Januar ass souwisou net esouvill lass. A wa sou Wieder ass, ass virauszegesinn, datt dann näischt lass ass. Also et brécht eis elo keen Zack aus der Kroun, mee et war schonn esou erwaart, et ass näischt Dramatesches."
Keng 150 Meter méi wäit, gesäit de Patron vun engem Restaurant dat ganz anescht. E Mëttwoch hätt ee ronn 75% vum Ëmsaz verluer. Et wär dee schlechtsten Dag zanter der Ouverture gewiescht, esou den Alex De Toffol. "D'Alerte Rouge ass wierklech problematesch fir ons. Mir hunn 90% vun eise Reservatioune verluer. An och schonn eng Alerte Orange wär problematesch, well mir verléiere vill Reservatiounen."
Effektiv hätten déi, déi opgehat hätten, net vill ze schaffe gehat. Dat wär den Echo, deen d'Horesca kritt hätt. "Mee ech mengen dat ass en Effet, deen och, wann net den nationalen Noutstand ausgeruff gi wär, hätte mer deen awer gespiert, well et wäre vill Leit am Homeoffice bliwwe gëschter", esou de Generalsekretär François Koepp.