Et dauert 2 bis 3 Méint, bis en neie Locataire an eng Wunneng plënnert

Wann e Locataire erausplënnert, bleift en Appartement vum Fonds du Logement an der Moyenne 2 - 3 Méint eidel, éier en neie Locataire eraplënnert.
Dat schreift den DP-Logementsminister Claude Meisch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Marc Goergen. Och nei Wunnenge wieren normalerweis bannent 2 bis 3 Méint verlount, nodeems se fäerdeg sinn, et sief dann, d'Persoun, déi se ugebuede krut, géing ofsprangen a se misst dann engem anere proposéiert ginn.
Leerstand vu bewunnbare Wunnenge géing et kee ginn, ma vun 2.000 Wunnenge wieren der zu all Ablack 100 net bewunnbar, well se grad renovéiert ginn. Bei Wunnengen, déi verkaf ginn, géingen, nodeems se fäerdeg sinn, am Duerchschnëtt 6 bis 10 Méint vergoen, bis de Keefer eraplënnert.