Fir déi nei Partei stinn am Juni d'Europawalen héich op der Agenda
© Claudia Kollwelter / RTL
Fokus huet e Freideg eng éischte Kéier an der Geschicht vun der Partei op e Neijoerschpatt invitéiert.
D'Press war schonn vir 6 Auer an e Café an der Stad geruff ginn, ugefaangen hunn d'Rieden allerdéngs eréischt eng Stonn méi spéit, an dat och just virun enger gudder Dose Leit.
Ma wéi bei den anere Parteien ass de Moment genotzt ginn, fir e Réck- an en Ausbléck ze maachen. De Parteipresident Marc Ruppert huet vun engem spannende Joer 2023 geschwat, mat awer kengem spektakuläre Resultat fir Fokus: "Mee et war propper. D'Campagne war inhaltlech progressiv, den Inhalt war propper, couragéis an d'huet Loscht gemaach op méi."
Der neier Regierung wéilt ee nach bëssen Zäit ginn, ier hir Aarbecht méi genee vu Fokus ënnert d'Lupp, kommentéiert a warscheinlech dann och kritiséiert gëtt. Ma de Fränk Engel huet bedauert, datt de Moment just d'Heescheverbuet Sujet ass: "Wann dat do dat ass, wat eis déi nächst Joer erwaart: Dat mer just versichen extrem ideologesch Visiounen, well soss ass dat do näischt, zum Haapt-Géigestand vun de politeschen Ausernanersetzungen ze maachen, op Käschte vun den Äermste vun der Gesellschaft, da kommen fënnef spannend Joren op eis zou."
Dëst Joer misst d'Partei sech elo mol ëm d'Remboursementer vun den 2 Walcampagne vum leschte Joer këmmeren. Ma déi nächst sti jo schonn den 9. Juni mat den Europawale virun der Dier. Den Nationalcomité huet unanime decidéiert, datt de Fränk Engel d'Ekipp an de Programm fir d'EU-Wale wäert zesummestellen.
De fréieren Europadeputéierten huet ënnert anerem betount, datt ee wéilt, datt an Zukunft an Europa majoritär Decisioune geholl ginn: "De Victor Orban, mat deem ech epesch Ausernanersetzungen hat, géif Europa net sou als Geisel kënnen huelen, wéi en dat mécht, wann een zu all Mënsch ausser him kéint soen, sou et geet elo sou! An all Mënsch ausser hie wier eng Majoritéit vun 26, 27 Länner. Dat ass jo awer méi wéi 50%, mee eben keng 100 an dofir geet et net. Sou kann dat net bleiwen!"
Esou kéint een Europa einfach net virun dreiwen huet de Fränk Engel nach betount.