
Den Nationale Gesondheets-Labo kritt mam Dr. Michel Toungouz Névessignsky en neien Direkter.
Dee Poste war zanter 2 Joer am Interim vum Dr. André Rosenthal geleet ginn, nodeem de Professer Mühlschlegel den LNS 2022 no 5 Joer um Direkter-Posten verlooss hat.
De neien LNS-Direkter, de Michel Toungouz Névessignsky, ass e gebiertege Belsch mat Experienzen an der medezinescher Diagnostik an der Labos-Medezin. Seng Prioritéit läit engem Schreiwes vum LNS no, um Encadrement vum Patient, souwuel um Niveau vun der Diagnose an der Betreiung an de Spideeler.
Am LNS zu Diddeleng schaffen aktuell eng 400 Leit.
Dee Site gouf virun 10 Joer ageweit, notamment och mat de Sektioune Rechtsmedezin a Mikrobiologie. Presidentin vum Verwaltungsrot ass d’Dr. Evelin Schröck.