Secteur positiv agestallt, och wa Mesuren net vun haut op muer gräifen

© RTL-Archiv
Et ass ee sech bewosst, datt et e bëssen dauere kann, bis datt déi vum Luc Frieden annoncéiert Mesuren, fir den Immobiliesecteur ze ënnerstëtzen, gräifen.
Bei der Unioun vun den Entreprisen, der Chambre immobilière an och bei der "Fondation pour l’accès au logement", déi als AIS Sozialwunnenge verlount an der och als soziale Promoteur Abitatio baut, ginn et zefridde Gesiichter, nodeems d'Regierung éischt Moossnamen annoncéiert huet, fir erëm Schwong an de Wunnengsmaart ze bréngen.
De Jean-Paul Scheuren, de President vun der Chambre immobilière, seet, hie wier esou optimistesch, wéi scho laang net méi an elo wier de ganze Secteur gefrot.
"D'Regierung huet hire Schratt gemaach. Et ass elo un eis, déi Projeten op de Marché ze bréngen, déi fir d'Vente bestëmmt sinn an d'Leit och z'invitéieren, fir dëst Joer vun deene Moossnamen, déi elo do sinn, ze profitéieren. Mir gi schonn dovunner aus, an deenen nächste Wochen eng Dynamik ze gesinn, soss musse mer eventuell nach eng Kéier noschéissen."
Grouss auslännesch Investisseure goufen et bis elo keng um Lëtzebuerger Marché, seet de Jean-Paul Scheuren, wat net heescht, datt dat sou bleiwe muss.
"Dat, wat si am meeschten intresséiert, dat ass déi Haltung, déi mir elo an der Regierung spieren a mir spieren elo wierklech eng 'Pro-Invest-Regierung'. Net nëmmen eleng fir de Logement, mä iwwerhaapt, datt d'Regierung gesot huet, d'ekonomesch Aktivitéit wier hir wichteg a se wier frou, wann Investisseuren op Lëtzebuerg kommen. Do gesäit een, datt dat Vertrauen, dat d'Leit an eis Regierung an an eist Land hunn, e wichtegt Element ass."
Eent hunn de Jean-Paul Scheuren an de Gilles Hempel, den Direkter vun der Fondation pour l'accès au logement, gemeinsam. Si soen, si wiere frou, datt d'Regierung dës Moossname séier decidéiert hätt, och wa se net vun haut op muer gräifen:
"Natierlech mussen déi Mesurë fir d'éischt gräifen. Wann der haut eppes plangt, dann dauert et eng Zäit, bis dat do ass, mä et ass awer gutt, dass de Staat elo weider VEFAe wëll opkafen. Engersäits, datt Wunnengen entstinn, awer och, datt d'Leit am Bausecteur beschäftegt sinn, well dat si Leit, déi hunn haut eng Aarbecht a wa se déi muer verléieren, da gi se Client bei eis an dat wëlle mer jo och net."
De Gilles Hempel seet, et géif ee begréissen, datt d'Exoneration fiscale bei der Gestion locative vu 75 op 90 Prozent klëmmt an datt de Subventionsloyer an d'Luucht geet, och wann een do vläicht nach eng Schëpp hätt kënnen dropleeën. Dat hei wier awer e gudden Ufank, well d'Locatairë wieren déi, déi am meeschten um Immobiliëmarché géife leiden.