Cargolux-Maschinn huet missen an Irland noutlanden

© Domingos Oliveira / RTL Archivbild
Wéi op de soziale Reseauen ze gesi war, koum et wärend engem transatlantesche Vol vun enger Boeing 747 vun der Cargolux, zu engem Noutfall.
De Fluch CV6236 sollt e Méindeg de Moie fréi vu Miami op Amsterdam fléien an huet missen op e Fluchhafen an Irland ëmgeleet ginn. De Pilot hat géint 6.25 Auer en Noutfall gemellt, e sougenannten "squawk code 7700". Et handelt sech dobäi ëm en allgemengen Noutfall.
D'Cargomaschinn ass spéider sécher um Shannon Airport gelant an d'Crew gouf nach op der Landepist iwwer d'Noutrutsch evakuéiert. Kengem vun den dräi Mataarbechter ass eppes geschitt.
Op Nofro bei Cargolux gouf confirméiert, dass et effektiv zu engem Virfall komm war. Wéi et heescht, hätt et eng Warnung wéinst engem Brand u Bord ginn. Et goufe bis ewell awer keng Unzeeche vun engem Feier fonnt.
D'Boeing ass 17 Joer al.