"Déi Déck profitéieren, déi Kleng kréien näischt"
D’Regierung géing keng effektiv Moossnamen huelen, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen a grouss Promoteure géinge bevirdeelegt ginn, sou de Reproche.
Pueren Aktionismus, weidere Fokus op de private Marché a Steierkaddoen, déi sech schonn an der Vergaangenheet als kontraproduktiv erausgestallt hätten. Dat sinn e puer vun de Reproche vun déi Lénk un d’Adress vun der Regierung an där hire Logementspak.
De Gary Diderich kritiséiert, dass d’Regierung keng Mesure geholl hätt, fir d’Loyeren ze plafonéieren. Dëst wier, well ee wéilt den Invest an de Logement lukrativ halen. "Well hinnen dat als Wirtschaftssecteur méi wichteg ass. Dass se am Logement kënne Sue verdéngen", sou de Politiker vun Déi Lénk. Et géing net dorëm goen, fir bezuelbare Wunnraum fir d’Leit ze schafen.
Déi steierlech Mesurë vun der Regierung géinge proportionell gesinn d’Promoteuren an aner grouss Investisseure bevirdeelegen. Zejoert schonn haten Déi Lenk en anere Wee proposéiert, op deem se bis haut bleiwen. D'Gemengen an d'ASBLe misste Personal kréien, fir op dem Marché aktiv ze ginn. Si solle Wunnengen opkafen a renovéieren. "Mir hunn ausgerechent, dass mer 1.000 Wunnengen d'Joer esou kéinte mobiliséieren", huet de Gary Diderich ënnerstrach.

© Hugues Bataille
D’Regierung géing ganz bewosst virgoen, fir déi grouss Promoteuren ze stäerken. "De Finanzminister ass net op de Kapp gefall. E versteet eppes vu Steierpolitik", huet den David Wagner constatéiert. Hien hätt den Androck, datt de Finanzminister selwer net ganz iwwerzeegt wier, dass dat wat soll ëmgesat ginn de Locatairen oder de klenge Proprietären eppes wäert bréngen.
D’Sue géinge breet verdeelt ginn, ouni dass ee kéint wierklech soen, dass eng Mesure en Impakt hätt. Déi ganz Hoffnung op eng Verbesserung vun der Situatioun géing dem Marché, an domat dem Zoufall iwwerlooss ginn.