Mat der Spezialunitéit vun der Police ënnerwee
Méi wéi 7 Joer huet et gebraucht, fir en exklusiven Abléck ze kréien iwwer d'Aarbecht vun der Spezialunitéit vun der Police, der sougenannter USP.
Am Januar 2015 huet alles ugefaangen. E laange Wee. Iwwerall op der Welt gi Reportagë vun de Spezialunitéite gewisen, just ebe vu Lëtzebuerg net an esou koum dem Dan Wiroth d'Iddi.
Wou a wéini gëtt d'Unitéit vun der Police agesat, wat ass d'Aarbecht vun de Sniper a wat ass d'Roll vun den Negociateuren?
Wärend méi wéi 7 Joer koumen Ofsoe fir eng Dréi-Erlabnis. Op eemol eng Zouso, dat war 2023. Kuerz drop gouf sech eng éischte Kéier zesummegesat an diskutéiert, wat iwwerhaapt méiglech wier. Erauskoum en Tournage vun aacht Deeg an en exklusiven Abléck an d'Aarbecht an d'Traininge vun der Spezialunitéit bei der Lëtzebuerger Police.
Dëse Reportage weise mer iech iwwer 3 Woche als Serie am Magazin.
D'Kriminalitéit huet sech an de leschte Jore verännert, heescht et vun der Spezialunitéit. Et misst ee sech op all Eventualitéiten astellen, esou de Chef vun der Unitéit Christian Krettels am Interview.
Net alles kéint een der Ëffentlechkeet matdeelen, zum Beispill d'Gréisst vun der Unitéit, wuel awer d'Zuel vun den Asätz an déi leie bei bis zu 250 d'Joer. No all de Joren hätt een d'Dieren opgemaach, fir méi Transparenz an och fir ze weisen, dass een och hei am Land preparéiert wier. De Grand-Duché misst sech och net vis-à-vis vum Ausland verstoppen, betount de Christian Krettels.