Ass am Raum Lënster e Wollef ënnerwee?

E Kallef dat eventuell, mä op alle Fall net eleng vun engem Wollef ugefriess gouf, suergt fir Polemik an Opreegung.
Am Hierscht 2023 gouf bei Iechternach e Véierbeener gefilmt, deen engem Wollef geglach huet, an dono och effektiv als Wollef identifizéiert gouf. Dat war dunn déi aacht Confirmatioun vun enger Canis-Lupus-Presenz am Grand-Duché. Bis esou eng offiziell Bestätegung vu Säite vum Ëmweltministère kënnt, mussen eng Partie Critèren erfëllt sinn: Entweder sinn et DNA-Analysen oder eendeitegt Film- oder Foto-Material, déi dem Déier seng Identitéit erkennen. E Méindeg waren et awer "eleng" d'Sozial Medien, duerch déi eng eventuell Wollefspresenz, viral goung.
Solle mer all Observatioun, all potentielle Wollef am Grand-Duché eraus ginn oder waarde mer besser of, wat sech da vläicht an nächster Zäit bestätegt? Eng Fro, op déi et keng Äntwert gëtt, déi allgemeng gëlteg ass. Also weie mer of. Ass de Post vum Wëldschutzverband vum 18. Februar, an deem virun der Presenz vu Wëllef am Groussraum Lënster gewarnt gëtt, iwwerdriwwen? Wëll do ee Panik maachen? Ma ebe grad net, verbessert eis de President vum Verband Alain Schmit.
Well mer keng Erfarung mam Wollef hätten, wier et wichteg, all potentielle Fall vun Wollefspresenz analyséieren ze loossen, mengt hien a freet en "Zesummen Diskutéieren", wéi een haut a muer mam Prédateur Wollef ëmgeet. Kléngt no antizipéierter Infocampagne a gläichzäiteg och raisonnabel. Well ee mam Schwätzen eleng eben keng Gewëssheet kritt, lancéiert de Bauer Elsen vun Amber, deem säi Kallef nämlech ugefriess gouf, seng eegen Initiativ. Well hie wëll sécher sinn, ob oder ob net, Wëllef am Raum Lënster ënnerwee wieren.
Dobäi hëlleft d'Silke Roth mam Job "Rissbegleiterin für Wolfssichtungen". Si koum extra op Amber a versteet, dass um Kierper vum Kallef méi wéi een Déier geknat huet. D'Spezialistin aus Däitschland weist eis Schrummen, déi d'Zänn vun engem Fuuss um Kallef senge Rëpper hannerlooss hätten. Mä hei hätt awer deen net eleng seng Patten am Spill, do ass d'Silke Roth formell: E Schëllergelenk vun engem 6 Méint ale Kallef erauszerappen, dat géif e Fuuss net fäerdegbréngen.
Hir Prouwe ginn an e Laboratoire op Hamburg, de Bauer Marc Elsen waart gespaant op d'Resultat an de Wollef-Expert vum Staat Laurent Schley recommandéiert trotz allem, de Côté scientifique net aus den Aen ze verléieren. Et sollt een och weider op alle Fall mellen, wann ee mengt, e Wollef gesinn ze hunn. D'Thema "Wollef" ass e sensibelt, dat op alle Fall oppe muss diskutéiert ginn.
Opgepasst! Am Reportage gi Biller gewisen, déi verschidde Persoune schockéiere kéinten!