Wéi et vum CGDIS heescht, waren d'Ekippe vun Dippech, Mamer, Monnerech an Déifferdeng-Suessem an der Rue du Chateau zu Betteng am Asaz.

Alarméiert goufen d'Pompjeeë géint 10.45 Auer, well et an der Kiche vun der APEHM gebrannt huet. D'Feier war no ronn enger Stonn ënner Kontroll an eng Ekipp vum CGDIS ass op der Plaz bliwwen, fir déi betraffen Deeler vum Gebai ze duerchlëften.

RTL

© Domingos Oliveira

Am Lokale gouf et e Feier en Dënschdeg den Owend an engem Appartement zu Stroossen. D’Pompjeeën aus der Stad, vu Bartreng a vu Mamer waren am Asaz. Blesséierter gouf et keng. Verwonnt gouf awer e Cyclist, dee kuerz no Hallefnuecht zu Beetebuerg ugestouss gouf.

Kuerz no 10 Auer e Mëttwoch de Moien hat dann e Camion tëscht Beetebuerg an Diddeleng gebrannt.