Mir hunn de Pierre Schaul wärend senger Schicht begleet
Bei der Lëtzebuerger Post schaffen eng 470 Bréifdréier. Et gi ronn 350 Tournéeën z'assuréieren. Ee vun de Bréifdréier ass de Pierre Schaul.
Zanter iwwer 35 Joer schafft de gebiertege Birenger bei der Lëtzebuerger Entreprise.
De Kontakt mat de Leit an dat villt dobausse si gefält him besonnesch gutt. Säi Schaffdag geet vu moies 6 bis nomëttes 14 Auer. De Pierre Schaul ass an der Uewerstad ënnerwee. Zu sengem Tour gehéiere vill Geschäfter. An deenen iwwer 3 Joerzéngte wou de Bréifdréier aktiv ass, hätt sech esou munches um Beruff geännert.
"De Bréifdréier ass méi ewéi just de Courrier ausdeelen", esou erzielt eis de Pierre säin Alldag. Hie wär e wichtege soziale Kontakt fir ganz vill Leit op senger Tournée.