Wat sinn d'Krittären, fir e Regroupement familial unzefroen?

Am Kader vum Krich am Noen Osten hunn eng Partie Leit aus Gaza, déi antëscht zu Lëtzebuerg wunnen, e Familljeregruppement ugefrot.
Lëtzebuerg hätt keng Méiglechkeet, zousätzlech Leit aus Gaza opzehuelen, sot de Luc Frieden e Mëttwoch nom Regierungsrot. Eng 200 Ufroe géif et ginn, mee déi géifen net de Krittären entspriechen. Ma wat sinn iwwerhaapt déi Krittären, wien kann e Regroupement familial ufroen? D’Claudia Kollwelter huet bei der Asti nogefrot.
Et wier e komplexe Sujet an et misst een am Fong wierklech all Kéiers Fall fir Fall kucken, ob et méiglech ass oder net, seet d'Laurence Hever vum Guichet Info-Migrants vun der Asti. Virop geet et drëm, wien ënnert de Begrëff "Famill" fält. Dat sinn engersäits de Conjoint an d’Kanner, an deem Fall ass e Regruppement och relativ einfach. Anescht a méi komplizéiert gëtt et da bei den Elteren. Do musse Konditiounen erfëllt sinn:
"Du muss kënnen noweisen, datt deng Elteren à charge vun dir sinn."
Ma wat bedeit dat iwwerhaapt? Do spillen zum Beispill d’Montanten eng Roll, erkläert d’Laurence Hever.
"Wéi vill Suen hues du un deng Eltere geschéckt? Dat muss iwwert minimum 6 Méint goen an dat muss de kënnen noweisen, an et muss iwwert en direkten Transfert gewiescht sinn. Wann s du sees ech hu reegelméisseg Sue mat erof geholl oder d’Suen un en anere geschéckt, deen e Kont huet, well meng Elteren al sinn a kee Bankkonto an hirem Hierkonftsland hunn."
Net eligibel fir de Regroupement familial sinn d’Geschwëster, Cousinen oder soss Familljememberen. En Ënnerscheed gëtt och gemaach, wien de Regroupent ass, wien also d’Demande hei am Land mécht.
"Do gëtt gekuckt, ass et en Europäer oder Net-Europäer. Wann et en Europäer ass, falen d’Konditioune manner streng aus an den Delai vum Traitement vum Dossier ass op 3 Méint limitéiert. Wann de Regroupent aus engem Drëttland ass, sinn et 9 Méint. Dat ass fir dann och all d’Dokumenter kënnen ze analyséieren."
Wat déi spezifesch Situatioun vu Leit aus Gaza betrëfft, betount d’Laurence Hever, datt dës ënnert d’Asylgesetz falen, de Familljeregroupement allerdéngs ënnert d’Immigratiounsgesetz. Et géif net consideréiert ginn, wéi d’politesch Situatioun am Hierkonftsland wier. De Flüchtlingsrot huet iwwerdeems Mëtt Februar beim neien Immigratiounsminister ugefrot, datt een hei Ausname mécht. Bis ewell krut een awer keng Äntwert dorop.