Neie Site soll ë.a. Promoteuren d'Liewe méi einfach maachen

D’Regierung wëll jo weider Bauprojeten, déi nach amgaang si geplangt oder gebaut ze ginn, um Privatmarché opkafen.
Dat si gougenannt VEFA (ventes en l’état futur d’achèvement).
Domadder wéilt een de Bausecteur ënnerstëtzen. An deem Sënn huet de Logementsministère matgedeelt, datt en eng eenzeg nei Plattform opgestallt huet: vefa-logement.lu.
Besëtzer oder Promoteuren, déi interesséiert sinn, hir VEFA ze verkafen, kënnen do all nëtzlech Informatioune fannen, dorënner de Cahier des charges, also d’Konditiounen a Krittären, déi z’erfëlle sinn, fir datt de Staat d’Projeten opkeeft.
De Logementsministère steet iwweregens och allen Acteuren fir Informatiounen zur Verfügung, déi wéilte bezuelbar Wunnenge spezifesch fir Jonker bauen, an déi entspriechend ëffentlech finanziell Hëllef dofir wëlle kréien. Dat äntwert de Logementsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Lies. Sengen Informatiounen no géing an deem Beräich aktuell praktesch keng Hëllef méi ausbezuelt ginn. Wat dem Marc Lies seng Fro ugeet, ob d’Gemengen eng nei Circulaire kréichen, fir ze wëssen, ewéi se dat neit Gesetz iwwert den abordabele Wunnraum kënnen ëmsetzen: hei verweist de Minister op eng Dosen Notten a Circulairen, déi och op sengem Internetsite ze fanne wieren.