Braz, Angel, Di Bartolomeo a Fayot op LSAP-EU-Lëscht

© AFP
No de Chamberwale war sech bei der LSAP erwaart ginn, datt ee fir d'EU-Walen de 9. Juni géif mat enger Lëscht vu quasi nëmme Spëtzekandidaten optrompen.
Ma deem war net ganz esou. Jean Asselborn, Paulette Lenert an Nicolas Schmit hate Raute gewonk, sou datt aner Kandidaten hu misse fonnt ginn, fir de Marc Angel z'ënnerstëtzen.
An dës Lëscht bei de Sozialiste steet RTL-Informatiounen no a gëtt nach emol an der Parteileedung diskutéiert, mee an de groussen Zich, an un den Haaptprotagoniste wäerten et keng Changementer méi ginn.
Natierlech ass den Député-sortant Marc Angel gesat, dee jo ee vun de Vize-Presidente vum EU-Parlament ass a bei de leschte Walen op en Ecart vun 11.000 Stëmmen hannert dem Nicolas Schmit gewielt gouf - een EU-Kommissär an europawäite sozialistesche Spëtzekandidat, deen op eiser Antenne sot, datt hien dem Marc Angel net wéilt am Wee stoen.
Eng Fra huet da misse fonnt ginn, déi de Marc Angel, deen an 10 Deeg seng 61 Joer kritt, ënnerstëtzt an dës ass mat der Deputéiert Liz Braz fonnt ginn, awer net als Spëtzekandidatin.
Eisen Informatiounen no huet et sech d'27 Joer jonk Sozialistin net einfach mam Choix gemaach, ëmmerhin ass si Sechstgewielt am Süde gewiescht a wollt sech eegenen Aussoen am Wort virun 10 Deeg no op d'national Politik fokusséieren. Absënns och op d'Escher Gemengepolitik, wou d'Liz Braz jo als LSAP-Zweetgewielt am Conseil ass.
Nom Iwwerleeën an A-sech-goen, geet de Minetter Shootingstar also elo, eise Sourcen no, awer mat an d'EU-Walen.
Eng weider jonk Fra, déi sech den EU-Wale stellt ass déi 26 Joer al Danielle Filbig, déi als Rammerecher LSAP-Éischtgewielt do am Conseil ass. Bei de Chamberwale gouf si Véiert op der LSAP-Lëscht.
An nach eng Fra huet de Sprong op d'LSAP-Lëscht gepackt, nodeem d'Escher Laura Valli hir Kandidatur zeréckgezunn huet. Dëst ass d'Michaela Morrisova, déi Attachée an der LSAP-Fraktioun ass a bei de Gemengewalen an der Stad op déi 14. Plaz koum.
Zwee bekannt politesch Gesiichter rënnen d'LSAP-Lëscht of: de Mars Di Bartolomeo lancéiert sech och an d'Course fir d'EU-Parlament. Den aktuelle Chamber-Vize-President a fréiere Minister stellt sech mat 71 Joer dem Wieler.
En anere fréiere Minister ass de Franz Fayot, deem säi Papp ewell wärend 10 Joer am europäesche Parlament souz. Den Ex-Wirtschaftsminister a geléierte Jurist krut e Mëttwoch seng 52 Joer an ass zanter 3 Joerzéngten an der LSAP aktiv.
Um LSAP-Kongress op Ellesonndeg gëtt d'Lëscht offiziell ugeholl.
D'LSAP koum 2019 op 12% bei de Walen a krut domat ee Sëtz.
Et muss ee bis 1999 zeréckgoen, fir zwee Lëtzebuerger Sozialisten am EU-Parlament ze fannen.