Um Lëtzebuerger Wunnmarché ass et fir vill Leit aus finanzielle Grënn net evident, ee passenden Objet ze fannen.

Dowéinst huelen ëmmer méi sozial schwaach Persounen d'Gestion locative sociale an Usproch. Dobäi stelle Proprietären iwwert ee konventionéierten Acteur aus dem soziale Beräich eng Wunneng oder een Haus fir een abordabele Loyer zur Verfügung. Och den Norde vum Land ass do keng Ausnam, ma d'Erausfuerderunge sinn awer deels anerer wéi am Rescht vum Land.

An de fréiere Raimlechkeete vun der Houser Gemeng huet de Sozialbüro Resonord säi Sëtz. Et ass ee fir ronn 28.000 Awunner aus néng Gemengen zoustänneg. Zanter véier Joer bitt een d'Instrument vun der Gestion locative sociale, kuerz GLS, un. Dat bedeit, datt privat Proprietären hir Wunnenge respektiv Haiser un de Resonord verloune kënnen an dësen dann eng sozial méi schwaach Famill oder Eenzelpersoun fir héchstens dräi Joer ënnerbréngt. De Loyer läit zwar 30 bis 40 Prozent ënnert dem Marchéspräis, mee dofir huet een awer och eng Rëtsch Virdeeler.

De Fränk Dimmer, Vizepresident Resonord:

"Gutt, d'Proprietäre kréie manner, wéi wa se um fräie Marché sinn, mee si hunn awer iwwert eis an der GLS d'Garantie, datt se keng Problemer hu mat Locatairen a sou weider a sou virun, datt se virun allem och hire Loyer reegelméisseg kréien. Datt deen och nach vum Nettobetrag 75 Prozent steierbefreit ass, wou déi nei Regierung déi Saach jo wëllt op 90 Prozent an d'Luucht setzen, wat jo och nach eng gutt Saach wier."

Derbäi kënnt  nach, datt de Resonord sech ëm eventuell Reparature këmmert, garantéiert, datt d' Logement séier fräi gëtt, wann de Proprietär Eegebedarf umellt an d'Leit betreit. Aktuell hätt een nach iwwert 130 Dossieren, dat kënnen esouwuel Eenzelpersoune wéi och Famillje sinn, déi nach op sinn, also wou d'Leit nach op ee Logement waarden. Där huet een der am Moment méi wéi 60. Allerdéngs passen d'Zort vum Logement an d'Demandeuren am ländleche Raum net ëmmer iwwerteneen.

Den Dan Diederich, Educateur gradué Resonord:

"Et mierkt een, datt mer méi Haiser kréien, wéi eenzel Studioen zum Beispill. Woubäi d'Demande no eenzele Studioen extreem héich ass, am Verglach zu den Dossieren, déi vu Famillje kommen. Dat heescht, mir bräichten eigentlech an eiser GLS nach méi Studioen, kleng Appartementer och, fir déi Demande ze decken."

Och wann aktuell vill Eenzelpersounen Demanden erareechen, sinn awer och Famillje betraff. An dësem ale Bauerenhaus zu Munzen wunnt elo zum Beispill eng Fra aus Eritrea mat hire véier Kanner. De Loyer läit wéinst der Gréisst vum Gebai bei 1.500 Euro. Mat 640 Euro ass dëst Appartement zu Aasselbuer ee gudde Krack méi bëlleg. Hei wunnen eng Fra aus dem Benin an hire Jong. Nodeems d'Relatioun mam Papp vun hirem Jong an d'Bréch gaangen ass, gouf déi finanziell Situatioun schwiereg. Mat hirem aktuellen Doheem ass si elo awer richteg zefridden.

D'Edith Hounwanou, hëllt d'Offer vun der GLS an Usproch:

"Très bien, très bien, ça me va très bien, le loyer, tout. Le village aussi c'est calme, j'aime bien le village. L'appartement est grand, deux chambres, salon, alors que à Hosingen, là d'où je viens, là c'est une chambre, salon. Ici ça me va avec mon fils, on est tranquille. Très bien, j'aime bien."

Fir d'Zukunft wënscht si sech, datt si iergendwann een Appartement kafe kann an net méi loune muss. De Sprong vun der GLS op den normale Wunnmarché ass allerdéngs keen einfachen.