E Samschdeg hat d'Partei Fokus op eng Pressekonferenz invitéiert.

De Parteipresident Marc Ruppert huet de Bléck no hanne geworf. Hien huet vun enger positiver Dynamik am Ufank geschwat, ma rezent hätten awer e puer Membere Falschinformatioune verbreet, déi een dowéinst ausgeschloss huet. Déi Virgäng hätten awer net dozou gefouert, datt d'Partei vill Membere verluer hätt. Aktuell hätt een 239 Memberen, virun de Wale wieren et 241 gewiescht.

Resumé vun der Pressekonferenz vu Fokus / Reportage Marc Hoscheid

Wat d'Finanzen ugeet, esou hätt ee 60.000 Euro Schold zeréckbezuelt, 50.000 dovun un d'Schwëster vum fréieren Tresorier Jacques Linster. Deen hat sengersäits ee Prêt iwwert 50.000 Euro bei enger Bank opgeholl an d'Suen der Partei zur Verfügung gestallt. Mëttlerweil gouf hien ausgeschloss a verlaangt d'Suen op ee Coup zeréck. D'Partei refuséiert dat awer a bezilt de Prêt eegener Ausso no zanter Januar an Tranchë vu ronn 2.700 Euro de Mount zeréck. De Parteispriecher Frank Engel huet sengersäits dervu geschwat, datt Membere vum Nationalcomité vu fréiere Parteimembere bedreet gi wieren a gewarnt:

"Se sollen oppassen diesbezüglech, wéi wäit se wëlles hunn ze goen, well et ass alles dokumentéiert an et gëtt alles verhalen. A wann der ugeruff kritt, vun Eenzelen, an der kritt d'Fro gestallt, ob der Iech jo bewosst wiert, datt der awer Fra a Kanner a Scholden huet an der sollt Iech awer lo dräimol iwwerleeën, wat der wëlles huet an Zukunft an deem Comité ze maachen, dann ass et net méi witzeg, dann ass et net méi witzeg. An déi Leit, deenen dat passéiert ass, hunn dat net vergiess. Mir hätte lo gären, datt deen Zauber ophéiert, mir hätte lo wierklech gären, datt deen Zauber ophéiert."

Zum Thema Monica Semedo géing een d'Virwërf vun Harcèlement fir net esou grave halen. Dat wier am Ufank och bei der DP de Fall gewiescht, bis d'Reprochen ëffentlech goufen. Doropshin hätt de Wand gedréint, well dat verschidde Leit arrangéiert hätt.

D'Decisioun, d'EU-Parlamentarierin Monica Semedo mat op d'Lëscht ze huelen, huet och de Parteispriecher Frank Engel verdeedegt. D'Virwërf, si géing "jidderee mobben", wieren net richteg. Dat géing sech schonn eleng dorunner weisen, datt si nach ëmmer Member vun hirer Fraktioun Renew Europe ass. Wat d'Prozedur ugeet, déi der Bestrofung vum Monica Semedo an deem zweete Fall virausgaangen ass, esou wier déi net korrekt ofgelaf. Et wier net an der Rei, datt Informatiounen aus dem zoustännege Gremium am Virfeld un d'Press weidergereecht goufen. Op de konkreten Inhalt vun de Reprochë kéim een zu engem spéideren Zäitpunkt zeréck. Et géing een net behaapten, datt d'Monica Semedo ouni Feeler wier. Politesch kéint si awer ee gudde Bilan virweisen.

Mat Bléck op 100 Deeg Schwaarz-Blo huet de Frank Engel fir d'éischt mol den Oflaf vun de Koalitiounsgespréicher kritiséiert. Déi wieren alles anescht wéi transparent ofgelaf. Hien huet och dorop verwisen, datt déi nei Majoritéit mol keng 50 Prozent vun de Wieler vertriede géing.

Och d'Heescheverbuet gouf an d'Viséier geholl. Hien huet vun enger "effekthascherescher" Mesure geschwat, déi just weise sollt, datt eppes gemaach géing ginn. Wann een de Sujet seriö hätt wëllen ugoen, hätt fir d'éischt d'Justizministesch Elisabeth Margue déi rechtlech Onsécherheeten aus dem Wee raume missen, amplaz datt fir d'éischt Tatsaache geschaaft goufen.

De Porte-Parole vun der Oppositiounspartei huet och bemängelt, datt de Premier Luc Frieden op engem EU-Sommet Versteesdemech fir den ungaresche Premier Victor Orban gewisen hat. Ungarn wier mëttlerweil ee komplett korrupte Staat, wou d'Rechtsstaatlechkeet net méi garantéiert wier. Hie géing hoffen, datt sech Lëtzebuerg net och an déi Richtung entwéckele wäert.

Mat Bléck op d'Logementspolitik géingen déi falsch Akzenter gesat. Den Amortissement accéléré géing just deene Leit zegutt kommen, déi finanziell gutt do stinn. Bei Fokus plädéiert ee vill méi dofir, datt ee Wunnraum fir déi Leit schafe misst, déi net sou vill Suen hunn. Dofir sollt fir d'éischt mol gekuckt ginn, wéi vill Bauterrainen dem Staat an deGemenge gehéieren an déi mobiliséieren. Bei Fokus schwätzt ee sech och fir alternativ Wunnformen aus, dorënner Tiny Houses.

Och d'Steierpolitik géing an déi falsch Richtung goen. Et wier ee Feeler, d'Suen an éischter Linn iwwert d'Lounsteier an d'TVA sichen ze goen. Vill méi misst eng Finanztransaktiounssteier agefouert ginn. Fir esou eng Mesure géing ee sech och am Europawalkampf asetzen. Wat déi rezent Diskussiounen iwwert d'Liwwerkettegesetz ugeet, huet de Frank Engel ugereegt, d'Gesetz iwwert d'Marchés-publicen esou unzepassen, datt net nëmmen de Präis, mee och aner Krittäre consideréiert misste ginn.