"Mir sinn net d'Police"CFL weisen d'Faite vu Mëssstänn a Service vu BMS-Cellule vu sech

David Winter
Diana Hoffmann
Serge Pauly
Um Dënschdeg war eng Pressekonferenz vun den CFL, an där si d'Virwërf, déi vum Tageblatt opgeworf goufen, vu sech weisen.
D'Pressekonferenz vun den CFL
Um Dënschdeg war eng Pressekonferenz vun den CFL, an där si d’Virwërf, déi vum Tageblatt opgeworf goufen, vu sech weisen.

En Dënschdeg de Mëtteg hunn d’CFL hir Siicht an Erklärungen zu de Reprochë ginn, déi jo no engem Artikel vum Tageblatt am Raum stoungen.

Amplaz déi 1.456 Kameraen op den nationale Garen am Bléck ze hunn, géif dat zoustännegt Personal mat der Kaart spillen, Tëlee kucken oder carrement en Tëmpchen halen. Strofdoten, déi opgezeechent ginn, géifen deels bewosst ignoréiert, heescht et säitens Tageblatt.

Hei betount den CFL-Generaldirekter Marc Wengler, dass dëst net stëmmt, Saache falsch verstane ginn, respektiv een näischt vu sou Faite weess. Déi Responsabel vun der Eisebunn schwätze vun engem “Rundumschlag”, dee ville Leit wéi gedoen hätt a bei deem vill Saachen net géinge stëmmen.

Et soll sech bei dëse Cellullen, ëm sougenannte “Building Management System” Cellullen dréien, kuerz BMS. Dëst wieren, sou d’CFL, keng Iwwerwaachungskameraen. Den Aufgabeberäich wier net esou, wéi am Artikel duergestallt. Hei géif et sech ëm eng Cellulle handelen, déi um Belval an zu Miersch 24/24, 7/7 mat 2 Agente besat sinn, am ganze sinn hei op béide Cellullen 24 Leit agestallt.

CFL weisen d'Faite vu Mëssstänn a Service vu BMS-Cellule vu sech
Um Dënschdeg war eng Pressekonferenz vun den CFL, an där si d’Virwërf, déi vum Tageblatt opgeworf goufen, vu sech weisen.

Dës Cellulle géifen awer net d’Aarbecht vun der Police ersetzen, wann iwwerhaapt, géifen dës Kameraen der Police hëllefen, Bildmaterial ze liwweren, wann dëst sollt vun de Beamte gefrot ginn. Soss bestinn d’Aufgabe vun de Cellullen doranner, Gebaier a Parkingen ze kontrolléieren, fir dass alles technesch korrekt ofleeft. Och wann d’SOS-Bornen ausgeléist ginn, Alarmanlagen uginn oder Klimaanlagen a Gebaier ausfalen, géifen dës Cellullen aschreiden an deemno wéi och Rapporte maachen. Et gëtt hei kloer vun enger Assistenzfunktioun geschwat an net vun enger Iwwerwaachungsfunktioun oder engem Sécherheetsposten.

Et hätt een aktuell och keng Kenntnis vu Mëssstänn. Wann et Indicë fir Mëssstänn géing ginn, da géing een där Saach nogoen. Firwat hätt een d’CFL net éischter kontaktéiert a just en Ultimatum vun engem hallwen Dag gesat, dat kënnen déi Responsabel vun der Eisebunn net novollzéien. Wann et konkret Elementer géing ginn, da kéint och d’Press mat deenen zu all Moment bei d’CFL kommen.

Dobäi kënnt, dass en Amalgamm géif gemaach gi mam Accident vun Zoufftgen aus dem Joer 2006. D’CFL géifen hei och iwwerleeën, juristesch Schrëtt géint d’Tageblatt ze maachen, sou de Marc Wengler weider.

CFL reagéieren op d’Kritik / Reportage Diana Hoffmann

D’Faiten, déi den Tageblatt-Artikel den CFL virgeheien

Am Artikel hat et geheescht, datt d’Personal amplaz d’Moniteuren am A ze behalen, géing schlofen, Netflix kucken, oder online Poker spillen.
Tageblatt-Informatiounen no wieren esou scho Sexual- an Drogendelikter net gesinn oder net gemellt ginn.

Wa mol ee senger Aarbecht anstänneg wéilt nokommen, géif Drock gemaach, dass deen dat si léisst.

Am Juni zejoert hätt et och e Mail vun eenzele Mataarbechter un d’Chef-Etage ginn, wou ee sech iwwert d’Mëssstänn beschwéiert huet, mä wierklech eppes geschitt, wier an der Suite net.

Dem Tageblatt léichen och nach aner Dokumenter vir, déi d’Feelverhale beleeën, oder och vu Mobbing a Belästegungen handelen.

D’CFL selwer soen, si wéissten näischt vun deene Mëssstänn. Bei méigleche Verbrieche gëtt op Police a Parquet verwisen.

Gewerkschaften net mat Dossier befaasst

Weder d’Presidentin vun der Syprolux d’Mylène Bianchy, wéi och de Sekretär vum Syndicat Eisebunn vum OGBL, de Josy Bourggraff ware mat engem entspriechenden Dossier befaasst, wou et ëm Mëssstänn beim Service vun der Videosurveillance bei den CFL geet. Si sinn aus der Press op déi presuméierte Mëssstand opmierksam ginn.

De Josy Bourggraff war iwwerrascht, dass esou Zoustänn sollen an deem Service sinn.

“Et ass fir mech wéi eng Bomm, déi do ageschloen huet. An dofir hoffe mer, dass d’Eisebunn schnellst méiglech do Erklärunge ka liwweren. Et ass hire Roll, fir do Opklärung ze schafen. Fir eis vun der Gewerkschaft aus ass et wierklech eng grouss Iwwerraschung gewiescht. Dass et do soll esou grouss Mëssstänn ginn. Dass Leit perséinlech un eis erugetruede sinn an iwwert Mëssstänn, iwwer déi elo do geschwat gëtt, dass d’Leit do reegelméisseg géife schlofen, dat hu mir selwer net matkritt.”

D’CFL hat fir en Dënschdeg de Mëtten eng Pressekonferenz annoncéiert, bei där d’Gewerkschaften och wäerte present waren.

Back to Top
CIM LOGO