Videosurveillance bei den CFL"Mir si kee Sécherheetsorgan. Do ass keen derhannert, dee live déi Biller kuckt"

Maxime Gillen
Op de Garen, an de Parkhaiser, an de Busser an Zich – iwwerall hänke Kameraen.

Der CFL-Direktioun no sollen dës ënnert anerem dem Client e Gefill vu Sécherheet ginn. Ma u sech soll domat virun allem assuréiert ginn, dass vum Lift bis bei d’Rolltrap alles richteg funktionéiert. Uganks der Woch hat d’Tageblatt eng Recherche publizéiert, bei där Mëssstänn am Service hannert dëse Kameraen thematiséiert goufen. Mëssstänn, déi d’CFL-Direktioun dementéiert.

Mir hunn eis ugekuckt, wéi déi Aarbecht – op d’mannst an der Theorie – ausgesäit

Ëmmer erëm piipst et am Büro vum BMS-Service (Building Management System) vun den CFL. D’Mataarbechter vum BMS gesinn direkt, vu wou den Alarm kënnt. Dat kann eng Rolltrap sinn, déi ausgefall ass oder eng Persoun, déi ee vun de sëllegen SOS-Knäppercher an de Garen gedréckt huet. Doropshin gëtt beim BMS um Belval oder zu Miersch reagéiert an entweder eng technesch Ekipp op d’Plaz geruff, fir no der Rolltrap ze kucken, oder beim SOS-Knäppchen emol gekuckt, ob et effektiv en Noutfall gëtt oder vläicht awer erëm e puer Kanner sech e klenge Spaass erlaabt hunn.

Brauch effektiv emol eng Kéier eng Persoun Hëllef, ginn d’Pompjeeën an oder d’Ambulanz geruff a jee no Gare an Auerzäit als alleréischt d’Personal, dat op der Plaz ass. Ma d’Biller, déi erakommen, ginn net systematesch gekuckt, betount de Responsabele vum Service Ralph Elsen.

“Wann eppes geschitt, wou mir iergendwéi en Noutruff erakréien, dann intervenéiere mir. Da gëtt geziilt op déi Kamerae gekuckt. Dat ass keng permanent Iwwerwaachung mat Kameraen.”

Et gi jo och ganz vill Leit, déi mengen, wa si der Kamera wénken, da géing ee si gesinn. Nee, dat ass wierklech net de Fall, also net bei der CFL. Mir si kee Sécherheetsorgan. Do ass keen hannendrun, dee live déi Biller do kuckt.

Am Tageblatt-Artikel gëtt ënnert anerem dovu geschwat, dass Leit wärend hirer Aarbechtszäit um Tablet Filmer kucken oder Poker spillen oder esouguer schlofen. Dat ass offiziell natierlech verbueden a gëtt dem Ralph Elsen no och kontrolléiert.

“Am Dag ass ëmmer ee vun de Cheffen op deenen zwou Plaze present an nuets do hu mir e Grupp vu Leit, déi inopinément mol optauchen op deene Plazen an einfach sech e Bild maache kommen.”

A wat geschitt, wann dann effektiv een dobäi erwëscht gëtt, wann hien oder si Filmer kuckt?

“Majo dann ass et relativ ganz einfach. Da kann e schonn dee Moment direkt ophale mat schaffen. Dat gëtt en internt Disziplinarverfahren op den CFL. Da gëtt eng Enquête gemaach an duerno kënnt dann och do eppes eraus.”

Allgemeng gëtt vun de Leit awer och guer net erwaart, dass si sech d’Kamerabiller ukucken, wann net grad iergendwou en Alarm lassgeet. De Chef huet och kloer Virstellunge, wat d’Leit solle maachen, wann et grad net iergendwou piipst.

“Dotëscht kann ee ganz vill aner Saache maachen. Do gëtt et zum Beispill ganz vill Notice techniquen, déi mol erëm eng Kéier ka liesen. Et kann ee Prozedure liesen. Et kann ee sech ëmmer weiderbilden. Do gëtt et Formatiounen, déi d’Leit kënne maachen. Do kritt ee ganz gutt d’Zäit ëm. Do kann ee sech ganz gutt beschäftege mat der Technik.”

Déi 24 Fraen a Männer vum BMS-Service sinn op zwee Sitten, um Belval an zu Miersch, opgedeelt a schaffen an dräi Schichten.

Back to Top
CIM LOGO