4 Brigange bei 3 Abréch an der Stad festgeholl
© RTL Archiv
Wéi d'Police mellt, goufe vun en Dënschdeg op e Mëttwochmëtteg am Ganze 4 Onéierlecher bei 3 verschiddenen Abréch an der Stad festgeholl.
An der Nuecht op en Dënschdeg waren der Police zwou Persounen an der Rue Saint-Ulrich am Grond gemellt ginn, déi mat enger Eisestaang Autoen opbrieche géingen. Op der Plaz konnten d'Beamten déi zwee Abriecher mat de geklaute Géigestänn untreffen. De Parquet, deen iwwert de Virfall informéiert gouf, huet ordonéiert, déi Verdächteg festzehuelen. Si koumen allen zwee en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
En Dënschdeg den Owend waren d'Poliziste wéinst engem Abroch an en Auto an d'Rue Heinrich Heine am Garer Quartier geruff ginn. Bei der Sich konnt de Verdächtege mam geklaute Rucksak ugetraff an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. De Mann kënnt am Laf vun e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.
Dee selwechten Owend gouf dann och nach an e Buttek an der Avenue Monterey an der Stad agebrach. Och hei gouf de Verdächtege festgeholl an huet e Mëttwoch Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.