
Wéi a Welle géifen d’Attacken op divers Sitten zu Lëtzebuerg lancéiert ginn. D’Krisenzelle sinn aktiv a gi permanent um neiste Stand gehalen, grad ewéi och de Premier.
Et hätt een d’Situatioun ënner Kontroll, heescht et weider vun der Spriecherin vum HCPN. Et wier een och a Kontakt mat de betraffenen Entreprisen/Sitten an et géif ee se beroden, wéi se sech beschtméiglech schütze kéinten.
En Donneschdeg haten déi Attacken ugefaangen fir informatesch Ressourcë vun Institutiounen a Firmen ze iwwerlaaschten.
Iwwert d’Origine vun de Cyberattacken gëtt sech offiziell bedeckt gehalen. Aus gutt informéierte Kreesser krut RTL schonn en Donneschdeg confirméiert, dass et sech warscheinlech ëm russesch Hacker handelt.
Premier reagéiert op Cyberattack: “Et muss ee sech permanent op Attacke preparéieren”
Cyberattack aus Russland? Net just Sitte vum Staat, ma och vun Entreprisë ware betraff