Premier reagéiert op Cyberattack"Et muss ee sech permanent op Attacke preparéieren"

Jeannot Ries
Pit Everling
De Premier ass den Ament zu Bréissel op engem Sommet. D'Cyberattack op Lëtzebuerg huet de Luc Frieden awer ganz no suivéiert.
Luc Frieden iwwer Cyberattack
Um Bord vum Sommet zu Bréissel.

De Luc Frieden seet sech zefridde mat der Aart a Weis wéi de Virfall zu Lëtzebuerg geréiert gouf. An der Cellule de crise wier erausfonnt ginn, wat genee geschitt wier an, datt leschten Informatiounen no keng Lëtzebuerger Donnéeë geklaut gi wieren.

D’Lektioun wier, datt een d’Cybersécherheet ganz eescht muss huelen. Dat sot de Premier Luc Frieden zu Bréissel um Bord vum EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen.

“Et muss ee sech permanent op Attacke preparéieren. D’Hackeren hunn ëmmer nei Methoden. Dat muss ee kontinuéierlech kucken. Dat ass mäi Wonsch als Regierungschef. Et ass un den Experten, fir ze kucken, wat een do nach méi ka maachen. Mengen Informatiounen no si mer relativ gutt opgestallt, fir esou Attacken ofzewieren.”

Firwat d’Attack net konnt ofgewiert ginn, do misst een ofwaarden, wat déi technesch Experte soen, sou nach de Lëtzebuerger Regierungschef.

D’Regierung wéisst, vu wou d’Attack kéint hierkommen, mä et wéilt een den Hacker net onnéideg Publicitéit ginn an doriwwer op der Place publique schwätzen. Do sollt een d’Analyse vun den Experten ofwaarden, sou de Luc Frieden weider.

De ganzen Detail kann een hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO