
Deen Accord ass Ufank des Joers ënnerschriwwe ginn a berout op deem neien Duebelbesteierungsofkommes tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, dat Mëtt d’lescht Joer ausgehandelt gouf. Doranner heescht et de Gewerkschaften no, datt d’Supplemente bei Iwwerstonnen als “net effektiv besteiert” gëllen. Dat géing bedeiten, datt se an Däitschland réckwierkend op den 1. Januar versteiert misste ginn. Fir de Generalsekretär adjoint vum LCGB, Christophe Knebeler, wier dat inakzeptabel:
“De Facto ass et jo sou, datt eigentlech d’Besteierungsrecht an éischter Linn zu Lëtzebuerg läit. A wa mir d’Decisioun huelen, datt u sech déi Iwwerstonnen do steierfräi sinn, dann dierft dat jo eigentlech Däitschland an deem Sënn net ustachelen, fir dann do hannendru Steieren andreiwen ze goen. Well dat jo awer u sech dat Ofkommes e bëssi ad absurdum dreift. Well Sënn an Zweck vun deem Ofkommes ass jo eben, fir eng Duebelbesteierung ze verhënneren.”
Doriwwer eraus géinge Grenzgänger aus Däitschland esou vis-à-vis vu Lëtzebuerger Residenten a belschen a franséische Frontaliere benodeelegt. Kee Versteesdemech fir déi Mesure huet och den däitschen Expert a Saache Steierrecht, Stephan Wonnebauer. Hie geet dervun aus, datt et sech ëm ee Mëssel handelt a stellt sech d’Fro, ob den Interimsdirekter vun der Lëtzebuerger Steierverwaltung, Luc Schmit, den Accord villäicht guer net am Detail kannt huet wéi en en ënnerschriwwen huet. Fir Lëtzebuerg géing d’Reegelung guer keng Virdeeler bréngen. Ma och op däitscher Säit géingen déi sech a Grenzen halen:
“Der deutsche Steuerbeamte kann auch auf der Steuerkarte die Überstunden eindeutig sehen. Und jetzt nehmen wir mal an, das wären 1.500 Euro. Dann gibt der die in die Steuersoftware ein, dann zieht die Steuersoftware in Deutschland davon schon mal 1.200 Euro Werbungskostenpauschbetrag ab und 300 Euro hat jeder noch mal mit Autoversicherung, Privathaftpflicht etc. Das heißt, ich sag jetzt einfach mal, das ist ein Schuss in den Ofen, das ist viel Arbeit für nix.”
De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth ënnersträicht, datt et net ëm d’Supplemente mee ëm d’Iwwerstonnen u sech goe géing. Déi Reegelung wier och kee Mëssel, mee d’Resultat vu Verhandlungen. Als Konterpartie fir déi 34 Deeg Homeoffice hätt Däitschland Prezisioune beim Besteierungsrecht fir Iwwerstonne verlaangt. Zil vun engem Duebelbesteierungsofkommes wier et, datt keng Steieren duebel bezuelt ginn an net, datt guer keng bezuelt ginn. Datt däitsch Grenzgänger duerch déi Reegelung diskriminéiert ginn, fënnt de Gilles Roth net:
“Eng Diskriminatioun kann eigentlech net virleien, well mir zu Lëtzebuerg d’Fransousen, déi Däitsch an d’Lëtzebuerger plus d’Belsch no deem selwechte Modus besteieren, nämlech datt mer keng Steieren op den Iwwerstonne verrechnen. Wéi natierlech déi Situatioun an deenen eenzele Memberstaate gekuckt gëtt, wat wéi gesot ënnerschiddlech Staate sinn, dorop huet Lëtzebuerg keen Afloss.”
En Donneschdeg wäert et zu engem Treffen tëscht dem Finanzminister mat Vertrieder vun de Gewerkschafte kommen.