Aus dem haitegen Naturschutzgebitt Kuebebierg soll an Zukunft eng nei Stad an der Haaptstad ginn, esou d'Visioun vum Fonds de Kirchberg.

Kuebebierg: Ekonomesche Quartier fir d'Zukunft / Reportage: Yola Savic

Den néien urbane Quartier, deen um Kierchbierg gebaut soll ginn, grenzt un de Gréngewald an un d'Naturschutzgebitt Kuebebierg.

"Hei ass effektiv ee mega Projet. Well et ass hei eng Symbios, wou hei d'Natur verbonne gëtt mat den Infrastrukturen, déi heihinner kommen, mat der Architektur déi dat Ganzt verbënnt mat engem Konzept Mobilitéit, mat engem Konzept Energetique. Hei ginn 3.000 Wunnenge gebaut, hei kënnt den Tram hin, hei kënnt eng néi Schoul hin. Hei ass am Fong ee ganz neie Quartier vun der Stad, deen hei entsteet", esou d'Yuriko Backes, Ministesch fir d'Mobilitéit.

Den Terrain, dee sech um Plateau vum Kierchbierg befënnt, ass zweemol sou grouss wei déi ganz Uewerstad a soll elo e Wunnquartier ginn. Dobäi soll d'Natur awer net ze kuerz kommen.

"Mir sinn hei just nieft engem Gebitt Natura 2000, wou natierlech dat wat do ass, net nëmme respektéiert gëtt, mee och nach ausgebaut gëtt. Hei wäert een direkt vum Wunnquartier aus, hei an deen Deel goen, wat ee grousse Park gëtt, e bëssi wéi d'Kinnekswiss", sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Trotz dem Liewen an der Stad solle Kanner net vergiessen, wou d'Liewensmëttel hierkommen, sou d'Lydie Polfer weider:

"Wat hei nei ass a wat mer soss nach net hunn, dat ass de Konzept vun der Ferme urbaine. Dat heescht, wou matzen an der Stad produzéiert gëtt, déi Liewensmëttel, déi mer all Dag gären hunn a brauchen. A wou d'Kanner pedagogesch kucke kënne kommen, wat een alles dofir muss maachen a wou eist Geméis an Uebst iwwerhaapt hierkënnt."

3.000 Wunnenge sollen op 33 Hektar an d'Natur gebaut ginn. D'Visioun ass et, ee Quartier fir Familljen ze schafen, dee sech jidderee leeschte kann, seet de Marc Widong, Direkter vum Fonds de Kirchberg:

"Also d'Präisser ass effektiv ee Sujet. Hei hu mer - wéi de Fonds de Kirchberg et ëmmer mécht - 30% vum Logement abordable ass vum Ministère de Logement. 40% ass Logement abordable vum Fonds de Kirchberg an 30% ass Marché libre. Dat heescht, déi éischt 70% ginn ënnert dem Marchéspräis verkaf, esou dass jiddereen eng Plaz misst fannen, déi e sech och leeschte kann."

Wéini ugefaange gëtt mat bauen a wéi laang de Chantier wäert daueren, ass nach net gewosst.