D'Präisser vun de Logementer waren Enn zejoert méi niddereg ewéi Enn 2022. Vum drëtten op dat véiert Trimester 2023 gouf et allerdéngs eng Stabilisatioun.

D'Präisser vum Logement gi weider erof. Am däitlechste gesäit een dat bei der Vente vun alen Haiser. Tëscht dem 4. Trimester 2022 an dem 4. Trimester 2023 ass de Präis fir al Haiser am Schnëtt ëm 18,8 Prozent erofgaangen, also muss een haut bal ee Fënneftel manner fir een Haus bezuele wéi nach 2022.

Nei Chifferen zum Logement / Annick Goerens

Och d'Präisser vun alen Appartementer sinn ëm 14,5 Prozent erofgaangen a vun neien Appartementer ëm 7,6 Prozent. Dat geet ervir aus der neister Publikatioun vum Statec iwwer de Logement zu Lëtzebuerg. Ee vun den Auteuren, den Dr Julien Licheron vum Observatoire de l'habitat a vum LISER, erkläert, wourun dat läit.

"Et ass mëttlerweil e Cumul vu 4 Trimester, bei deene mer eng signifikant Baisse vun de Präisser gesinn. Dës Baisse muss ee parallel mat der Baisse vun der Aktivitéit interpretéieren, déi och extrem héich ass. Mir hunn also zur nämmlechter Zäit eng Baisse vun den Transaktiounen an eng kloer Baisse vun de Präisser. An ech mengen, dass déi 2 Baissë liéiert sinn. Vill vun deene Vendeuren hu misse verkafen, well se zum Beispill Brécken-Kreditter haten. An dofir hu si sech och mat deenen niddrege Präisser zefridde ginn. Dat Ganzt muss een och gesinn am Zesummenhang mat engem Marché, dee grouss Problemer hat duerch déi grouss Hausse vun den Zënssätz."

An der Moyenne gesäit een och, dass een Appartement, wat nach am Bau ass, tëscht 17 an 33 Prozent méi deier ass wéi een Appartement, dat scho fäerdeg ass an déi nämmlecht Surface huet.

"Dofir gesäit et aus, wéi wa vill Promoteuren nach de Choix maache fir ze waarden. Dat gesäit ee gutt un der Unzuel vun Transaktiounen, well do, wou mer normalerweis op engem Trimester si mat 600-700 Transaktiounen, si mer dëst Trimester ënner 110 Transaktiounen. Offensichtlech ginn also vill manner Appartementer verkaf, déi aktuell nach gebaut ginn. An dat suggeréiert effektiv, dass vill Promoteuren nach waarden oder nach net de Choix gemaach hunn, fir hir Präisser signifikativ erofzesetzen."

Dass duerch déi héich Zënssätz zanter Oktober 2022 ëmmer manner Leit hiert eegent Doheem kafen, huet och Konsequenzen op d'Locatioun.

"Mir gesinn eng grouss Nofro um Locatiounsmarché. Mir gesinn dëst Trimester eng Hausse um Loyer fir nei Kontrakter vun 3,9 Prozent op 12 Méint. Wat souguer nach däitlech iwwer der Inflatioun läit. Déi louch bei 3,2 Prozent op ee Joer gekuckt."

Donieft ass et dann och keng grouss Iwwerraschung, dass, wat een Haus méi weit ewech vun der Stad Lëtzebuerg läit, wat et méi bëlleg ass. Am Kanton Lëtzebuerg läit den Duerchschnëttspräis bei ronn 1.333.000 Euro. 82 Prozent méi héich wéi am Norde vum Land.