Géigesteiere géint d'DDOS-AttackD'IT-Experte vum CTIE sinn Dag an Nuecht am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Och wann ee selwer all Dag vill Zäit virum Computer verbréngt, waren DDOS-Attacke virun enger Woch net onbedéngt jidderengem e Begrëff.
© Shutterstock

Bis Lëtzebuerg de leschten Donneschden am Laf vum Moie selwer Affer vun esou enger Attack gouf.

Géigesteiere géint d’DDOS Attack / Dany Rasqué

Déi ass den Ament och nach ëmmer net eriwwer, quitt datt de Grupp vun Experten, deen d’Krise-Cellule zesummegesat huet, alles am Grëff huet. Dat bedeit allerdéngs net, datt keng Sitten ugegraff ginn, et bedeit vill méi, datt Dag an Nuecht géigegesteiert gëtt, fir datt et sou mann wéi méiglech Perturbatioune gëtt.

D’Attack ass emol méi emol manner staark

Den Direkter vum Centre des technologies de l’information de l’Etat, kuerz CTIE, schwätzt vu Wellen. Eng dovunner, sou de Patrick Houtsch, gouf et zum Beispill elo vun e Mëttwoch op en Donneschden. Géint 17 Auer Owes huet den Ugrëff sech erëm intensivéiert an huet bis um 3 Auer en Donneschdeg an der Nuecht ugehalen. De Patrick Houtsch rechent och net onbedéngt domadder, datt et eriwwer ass: “Eis Ekippe sinn en veille, mir si prett. Mir hunn aus där Attack elo schonn eng ganz Rëtsch Saache geléiert. All Attack ass e bëssen anescht. Mir wëssen, wat mer hei maache mussen, wann et erëm ugeet.”

An der Reegel sinn DDOS-Attacke méi séier eriwwer. Dat heescht, se daueren e puer Minutten oder och alt emol Stonnen.
Eng länger Attack gouf et 2017, esou de Patrick Houtsch. Déi hätt deemools en Dag gedauert a war och den Ausléiser, datt Lëtzebuerg sech besser op Cyberugrëff virbereet huet.

Dës Kéier kéint ee scho vu méi enger aussergewéinlecher Situatioun schwätzen. E Mëttwoch am Nomëtteg huet den Direkter vum CTIE dëse provisoresche Bilan gezunn: “Dato haut hu mer 67 Sitten, déi mer inventuréiert hunn, déi vun där Attack betraff waren. Dovunner war déi ganz grouss Majoritéit Sitte vum Staat an och Gemengen.”

Et waren awer och privat Entreprisen am Viséier vun den Hacker an och fir si gëtt et eng Ulafstell, wou se Hëllef kréien:
“Dat ass de Circl (Circl.lu). Mir hunn hei zu Lëtzebuerg zwee Certen, dat steet fir Computer Emergency Response Team.
Dat ass de Govcert, dee sech ëm de Staat këmmert a mir hunn de Circl, dee sech ëm de Privatsecteur këmmert. Et gëtt och puer gréisser Entreprisen, déi hiren eegene Cert hunn.”

Donieft kann een als privat Entreprise och bei sengem Internet-Provider gehollef kréien. Zerstéiere kënnen DDOS Attacken e Site iwweregens net. E funktionéiert just temporär net, wat notamment bei privaten Entreprisen awer zu grousse wirtschaftleche Verloschter ka féieren.

Back to Top
CIM LOGO