Frae spieren Inflatioun a Logementskris méi wéi Männer

Symbolbild / © RTL Archiv
Déi wirtschaftlech Entwécklung zu Lëtzebuerg wierkt sech ënnerschiddlech op Männer a Fraen aus.
Dat weisen nei Recherchë vum Liser, déi virun allem op de Logement an d'Inflatioun gekuckt hunn. A wat de Logement ugeet stellt sech eraus: An deenen niddregen Akommesklasse kréien d'Fraen d'Logementskris méi ze spiere wéi d'Männer an dobäi virun allem déi Menagen, déi souwisou méi vulnerabel sinn, wéi anerer.
De Liser huet erausfonnt, esou d'CEO Aline Muller...: "Datt den Taux d’effort duerch d'Hausse vum Präis vum Logement wierklech méi, vill méi staark eropgaangen ass fir d'Fraen ewéi fir d'Männer, mee haaptsächlech fir déi elengerzéiend Fraen. Also et ass wat wierklech de sprangende Punkt ass, dat ass wierklech déi Differenz tëschent enger Fra eleng mat Kanner oder an e Mann eleng mat Kanner."
Dobäi sinn zu Lëtzebuerg iwwer 86 Prozent vun den Elengerzéienden Fraen. Dobäi kënnt nach d’Inflatioun an deene leschte Joren. Iwwert déi ganz Palette vun Ausgaben gekuckt, trëfft déi Männer a Fraen zwar d’nämmlecht staark. Ma wéi d’Aline Muller preziséiert, ginn Stéit, an deene d’Fraen d’Haaptakommes erabréngen e méi groussen Deel vun hirem Revenu fir Hëtzes, Stroum an Iessen aus. "Do gesäit een eigentlech, dass d'Fraen eigentlech déi Haaptbesoinsdepensen fir si vill méi wichteg sinn an dass se do wierklech déi Hausse vun der der Inflatioun gespuert hunn an dass dat hiren eigentlech rechtlechen Akommes, dat fir dat anert wierklech vill méi niddereg gemaach huet."
D’Fraen mussen also méi wéi d’Männer op anere Posten spueren. D’Fuerscher vum Liser hunn déi Etüd an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit gemaach a si recommandéieren der Politik och geziilt mat spezifeschen Instrumenter op déi Problematik ze reagéieren. Dofir d’Fro un déi zoustänneg Ministerin Yuriko Backes, wat dat da géif bedeiten. Sollten d’Fraen méi Index kréien wéi d’Männer ? Sollten se méi héich Logements an Loyershëllefen kréien wéi d’Männer?
Dat gëtt komplizéiert, mengt d’Yuriko Backes: "Wa mer elo zum Beispill vun Aides au Logement schwätzen, dann ass et mengen ech schwiereg, fir elo ze soen, d'Frae kréie méi wéi d'Männer. Mir missten do eng Analys maache vu wien ass vulnerabel an ech mengen dat geschitt och, dass jee no Vulnerabilitéit an no deem Krittären, déi och haut scho ginn, wat d'Aiden ugeet, mengen ech ass trotzdeem dee richtege Wee."
D’Ministerin fir Gläichstellung weist awer och op de Steierkredit fir Elengerzéiend hin, deen an d’Luucht gesat gouf, wéi si Finanzministerin war: "Dat ass natierlech e Crédit d'impôt, deen ass elo net spezifesch op d'Frae gemënzt. Mee mir wëssen, dass trotzdeem déi elengerzéiend ganz oft a Majoritär Frae sinn. Soudass vun esou engem vläicht nach weider amelioréierte Crédit d'impôt, haaptsächlech Fraen dann och kënne weider profitéieren."
Also bal eng Fraen-spezifesch Mesure, bei där d’Yuriko Backes nach Sputt no uewen gesäit.