Well déi stole Kabelen an engem schlechten Zoustand sinn, besteet ee Sécherheetsrisiko.

Zu Dikrech musse Foussgänger, déi vun där enger op déi aner Säit vun der Sauer wëllen, zanter en Dënschdeg deemno wéi een Ëmwee huelen. Déi sougenannte Fisselsbréck hannert der Gemeng ass nämlech gespaart.

RTL

D'Gemeng Dikrech deelt op Facebook mat, dat wier de Fall, well d'stole Kabelen, déi d'Bréck droen, an engem schlechten Zoustand sinn. Dat confirméiere Ponts et chaussées op Nofro hin, ma et wieren awer och nach aner Sanéierungsaarbechten un der Bréck ze maachen. Fir den Iwwergank wäert eng provisoresch Bréck nieft déi bestoend gebaut ginn. Dës dierft relativ séier realiséiert sinn. Wat d'Sanéierungsaarbechten un der Fisselsbréck ugeet, sou sollen déi ronn ee Joer daueren. Wéini se ufänken, ass awer nach net kloer, gewosst ass just, datt dat net dëst Joer wäert sinn. Fir d'Bréck wärend den Aarbechten ze stäipen, gëtt eng Konstruktioun ënnert der Bréck gebaut.

RTL

© Marc Hoscheid

Schonn am Summer d'lescht Joer war eng Stabiliséierungskonstruktioun no beim Ufer op der Säit vun der Gemeng en place gesat ginn. Déi Aarbechten hate 60.000 Euro kascht. Wéi deier d'Renovatioun vun der Fisselsbréck wäert ginn, kann ee bei Ponts et chaussées iwwerdeems nach net soen.

RTL

© Marc Hoscheid

D'Bauwierk goung 1975 op, ass 70 Meter laang a besteet aus Stol a Béton armé.