Zejoert waren awer Informatiounen zirkuléiert, dass de Projet keng Prioritéit méi fir déi amerikanesch Entreprise wier. Den Wirtschaftsminister Lex Delles sot awer elo an eiser leschter Emissioun Background, et géingen zanter Ufank 2024 nees ganz intensiv Gespréicher lafen.
An dat confirméiert och de Buergermeeschter vu Biissen David Viaggi. Zanter 2021/22 hätt een kee Kontakt méi gehat, et wier jo och sou munches an der Welt geschitt, ma et wier een elo nees fir Reunioune geruff ginn.
“Alsoet gëtt u sech een neie Moment. Dat ass deen, dass warscheinlech de Projetbauhär wëll kucken, wéi hien an déi nächst Etapp ka goen oder déi, déi festgehalen ginn ass. Dowéinst hu si sech manifestéiert. Ech ginn dann och dovun aus, dass de Wëllen nach ëmmer do ass, fir een Datenzenter ze bauen.“
Iwwer d’Aart a Weis, wéi ee geruff gëtt, ass de Gemengepapp allerdéngs net ganz glécklech.
“Dat, wat e bëssen stéierend ass, ass eben, dass een dann, wann et ëm de Sujet geet, da muss alles stoe gelooss ginn an da konzentréiere mer eis gäre just dorobber. Dat ass eben, wann déi eng Säit rifft, da mussen alleguerten – wéi hei och – virun d’Kamera kommen.”
Tëscht de concernéierten Acteuren, also Google, Regierung a Gemeng Biissen, war festgehale ginn, dass Google bis spéitstens Mëtt 2024 misst aktiv ginn, soss géingen Terrainen mam Virkafsrecht zeréck un de Staat goen. Muss d’Gemeng dann an dës Prozedure vu Google mat agebonne ginn?
“Eigentlech net. Ech mengen elo si mer an enger EIA-Etüd [Environmental Impact Assessment, ndlr.]. Dat heescht, et soll gekuckt ginn, wéi eng Repercussioun de Projet op Natur, Ëmwelt an aner Liewewiesen hätt.”
Fir d’Gemeng Biissen ass de gréisste Problem aktuell de Verkéier. Schonn 2019 sollt de Bau fir een neie Rond-point an eng nei Strooss Richtung Zone Industrielle eigentlech ausgeschriwwe ginn.
“Also ech mengen, do hätt scho laang kéinte gebaut ginn an dat ass dat, firwat ech och e bëssen, ech soen elo net rosen, mee opgewullt sinn an deem ganzen Dossier. Mir haten elo laang Zäit. Dir hutt et jo selwer gesot: Et war elo eng Zäitche keen Kontakt. Mir wëssen awer, wien dohinner wëll kommen. De facto soe mir als Gemeng, da liwwert eis och déi Infrastruktur. Stroossen, Reamenagement vu verschidde Stroossen, fir dass mer eise Bierger och kënnen eng gewësse Sécherheet ginn a punkto Verkéier.”
Fir dass de Projet zu engem gudden Enn kënnt, misst a puncto Stroossen onbedéngt eppes geschéien, sou de Buergermeeschter David Viaggi. Een anere Sträitpunkt war an der Vergaangenheet d’Waasserversuergung. D’Serveren an engem Datenzenter musse jo gekillt ginn. Dat wier allerdéngs RTL-Informatiounen no kee Problem méi. Technologie hätt sech virunentwéckelt an et kéint ee mëttlerweil gutt mat Loft killen.
Nächst Woch héiere mer da vu Ponts et Chaussées, wou den Infrastruktur-Projet um Rouscht drun ass. Eisen Informatiounen no léich de Projet prett, misst am Summer ausgeschriwwen ginn. An dann kéint et gutt 2026 ginn, iert iwwerhaapt eng Strooss um Rouscht fäerdeg ass.
RTL-News: Déi onendlech Geschicht vum Google-Datenzenter am Iwwerbléck